Der Blaue Reiter

Vu Wikipedia

Der Blaue Reiter ("De Bloe Reider") ass den Numm, dee sech eng Këntschlercommunautéit 1911 zu München ginn huet. Si gouf vum Wassily Kandinsky an dem Franz Marc gegrënnt, zwéi Moler, déi net laang mat dobäi waren. Et goung hinnen ëm d'Befreiung vu sturer Traditioun. Weider Membere waren ë. a. den August Macke, d'Gabriele Münter, d'Marianne von Werefkin, den Alexej von Jawlensky an de Paul Klee. Och Dänzer a Komponisten hunn zum Krees gehéiert.

Si hunn all hiren Interessi u mëttelalterlecher a primitiver Konscht an un den zäitgläiche Beweegunge vum "Fauvismus" a "Kubismus" gedeelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Franz Marc: Der Turm der blauem Pferde (1913)

Den August Macke an de Franz Marc hunn d'Opfaassung vertrueden, datt all Mënsch eng ënnerlec an eng baussecht Erliefneswierklechkeet huet, déi duerch d'Konscht soll zesummegefouert ginn. Déi Iddi gouf vum Kandinsky theoreetesch ënnermauert. Ugestrieft gouf eng Gläichberechtegung vun de Konschtformen.

Den Numm vun der Grupp koum duerch e Bild vum Kandinsky aus dem Joer 1903 mam selwechten Numm, wat 1912 als Buchtitelillustratioun fir den Almanach mam selwechten Numm war. Dat programmatescht Wierk, erausgi vum Kandinsky a Marc (Piper, München, 1912) huet, mam Marc senge Wierder "die neueste malerische Bewegung in Frankreich, Deutschland und Russland" ëmfaasst "und zeigt ihre feinen Verbindungsfäden mit der Gotik und den Primitiven, mit Afrika und dem großen Orient, mit der so ausdrucksstarken ursprünglichen Volkskunst und Kinderkunst, besonders mit der modernsten musikalischen Bewegung in Europa und den neuen Bühnenideen unserer Zeit". Den Arnold Schönberg z. B. huet nieft Texter a Biller och d'Kompositioun Herzgewächse an där Schrëft bäigedroen.

Wassily Kandinsky, Der Blaue Reiter

Iwwer eng zimmlech grouss Spanwäit huet déi variabel Ophiewung vun der Wierklechkeet am Bloe Reider verfüügt. Sou haten nieft der metaphysescher Déieresymbolik vum Franz Marc, der Faarwephantasie vum Mackes, der märchenhafter Zauberwelt vum Klee och dem Kandinsky seng mathematesch-musikalesch Abstraktioune Plaz am Bloe Reider.

Déi éischt vun den zwou Ausstellunge vum Bloe Reider war vum 18. Dezember 1911 bis zum 1. Januar 1912 an der Moderner Galiere Thannhauser zu Münche. Si huet 49 Wierker vum Henri Rousseau, Albert Bloch, Heinrich Campendonk, Robert Delaunay, Kandinsky, Henri Matisse, Macke, Münter a. a. gewisen. Si goung och op Tournée a weider Stied, ënner anerem op Köln a Berlin.

Déi zweet Ausstellung war vum 12. Februar bis 18. Mäerz 1912 an der Münchner Bicher- a Konschthandlung Hans Goltz. 315 Aquarellen, Zeechnungen an Drockgrafike vu méi wéi 30 Kënschtler goufen an dëser Ausstellung virgestallt.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]