Max Kiffer

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Max Kiffer
Gebuer 30. August 1995
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Volleyballspiller, Physiotherapeut, Ambulancier

De Max Kiffer, gebuer den 30. August 1995, ass e lëtzebuergesche Volleyballspiller[1].

No der Première am Robert Schuman huet hien eng Ausbildung op der Héichschoul Fresenius zu Köln an der Physiotherapie gemaach wou en 2019 säin Diplom krut.

2008 huet hie seng Begeeschterung fir de Volleyball entdeckt a huet beim RSC Walfer gespillt. 2015 hat hie säin Debut als Mëttelblocker an der Nationalekipp. Fir d'Saison 2016/2017 ass hie bei den Escher Volleyball Club EVBC gewiesselt. Zwou Saisonen drop ass hie bei de Volley Bartreng gewiesselt, wou hien eng Saison gespillt huet ier e mam Volleyballspillen opgehalen huet.

2019 war hien op sengen éischte Spiller vun de klénge Länner am Montenegro derbäi.

Zanter 2003 ass hie passionéierte Scout bei de Wëlle Sai vu Steesel.

2020 huet hien eng Ausbildung als Rettungsanitäter zu Köln ofgeschloss.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.cev.eu/PlayerDetail.aspx?PlayerID=51401