Méchelbaach (Sauer)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mechelbaach (Sauer))
D'Méchelbaach tëscht dem Fëschweier an der Sauer, Juni 2014.

D'Méchelbaach (deemno wou och alt Mechelbaach oder Mëchelbaach geschriwwen), ass eng lëtzebuergesch Baach an de Gemengen Dikrech an Ierpeldeng.

Si huet hir Quell op enger Héicht vun 355 Meter am Fridbësch eng ronn 1.100 Meter südwestlech vum Fridhaff. Si leeft vun do aus op enger Streck vun 800 Meter no Osten bis zum Zesummelaf mat der Laangmuer. Dann ännert se hire Laf no Südwesten an Direktioun Ierpeldeng fir do eng ronn 500 uewenzeg vun der Ierpeldenger Millen op enger Héicht vun 206 Meter an d'Sauer ze lafen.

Si ass ronn 3,1 km laang.