Op den Inhalt sprangen

Meleagris ocellata

Vu Wikipedia
Meleagris ocellata
Getëppellt Schuddelhong
Meleagris ocellata

Meleagris ocellata
Meleagris ocellata
Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Chordata
Klass: Vullen (Aves)
Uerdnung: Héngervullen (Galliformes)
Famill: Phasianidae
Gattung: Meleagris
Wëssenschaftlechen Numm
Meleagris ocellata
Cuvier, 1820

Meleagris ocellata („Getëppelt Schnuddelhong“) ass eng Schnuddelhong-Aart – déi eenzeg nieft dem eigentleche Schnuddelhong – bannent der Famill vun de Phasianidae („Fasanevullen“). Si ass am Norde vu Mëttelamerika, op der Hallefinsel Yucatán verbreet.

Charakterisitiken

[änneren | Quelltext änneren]
Kapp vum Männchen

Meleagris-ocellata-Hunne kënnen 71-92 cm héich an 90-100 cm laang ginn an 3,25-4 kg weien. D'Pëlle gi just 1,9-2 kg schwéier a 65-69 cm héich. Den Hunnen hir Fiederen si blénkeg rout, gréng, blo a mof. Den Hals an de Kapp si plakeg a sinn hellblo. Ronderëm d'Aen an iwwer dem Schniewel ass d'Haut rout gefierft. Weider hu si giel waarzenaarteg Knippercher um Hals an um Kapp verdeelt. Wärend der Reproduktiounszäit ginn déi Faarwen nach méi intensiv.

Si komme just op der Hallefinsel Yucatán vir, an den Territoirë vu Mexiko, Guatemala a Belize. Hire Liewensraum ass den tropesche Reebësch; si sichen hiert Friessen awer op Plazen, déi net mat Beem zougewuess sinn.

Et gëtt geschat, datt et manner wéi 50.000 erwuessen Exemplare gëtt. Juegd op si an d'Zerstéierung vum Liewensraum si Grënn, firwat hir Populatioun ewell als quasi-bedreet gëllt.

  • Josep del Hoyo et al.: Handbook of the Birds of the World. Band 2: New World Vultures to Guinea Fowl. Lynx Edicions, 1994, ISBN 84-87334-15-6.
Commons: Meleagris ocellata – Biller, Videoen oder Audiodateien