Michael Phelps

Vu Wikipedia
Michael Phelps
Gebuertsnumm Michael Fred Phelps II
Gebuer 30. Juni 1985
Baltimore
Nationalitéit USA
Educatioun Towson High School, Dumbarton Middle School, Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Schwëmmer
Gréisst 193 Zentimeter
Gewiicht 88 kg
Veräin/Ekipp North Baltimore Aquatic Club
Famill
Bestuet mat Nicole Johnson
Liewenspartner(in) Nicole Johnson

De Michael Fred Phelps II, gebuer den 30. Juni 1985 zu Baltimore, ass en US-amerikanesche Schwëmmer. Mat am Ganzen 28 Medailen, dovun 23-mol Gold, ass hien dee Sportler mat de meeschten olympesche Medailen iwwerhaapt. Eleng op den Olympesche Spiller 2008 zu Beijing huet hien 8 Goldmedaile gewonnen, an domat de Rekord vu sengem Landsmann Mark Spitz (7 Goldmedailen) gebrach.

Hien huet de Weltrekord am 50-Meter-Baseng iwwer 100 Meter Papillon, 200 Meter Papillon, 400 Meter 4 nages, an hat en eng Zäit iwwer 200 Meter Nage libre an 200 Meter 4 nages.

No den Olympesche Spiller 2012 huet hie säi Réckzuch aus dem Schwammsport ugekënnegt. No enger zweejäreger Paus ass hien am Joer 2014 erëmkomm an huet bei den Olympesche Spiller 2016 zu Rio fënnef Goldmedailen an eng Sëlwermedail gewonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michael Phelps – Biller, Videoen oder Audiodateien