Mike (Hunn)

Vu Wikipedia
Fichier:Mike headless chicken.gif
De Mike, den Hunn ouni Kapp

De Mike, am englesche bekannt als Mike the Headless Chicken (Abrëll 1945 – Mäerz 1947), war en amerikaneschen Hunn deen nach 18 Méint gelieft huet, nodeem säi Besëtzer him de Kapp bal ganz ofgeschloen hat. Well am Ufank nach jiddweree geduecht huet, déi ganz Geschicht wier nëmmen erfonnt, huet de Besëtzer den Hunn op d'Universitéit vu Salt Lake City gedroen, déi him d'Eenzegaartegkeet vum Fall bestätegt huet.

D'Dekapitatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. September 1945 hat den amerikanesche Farmer Lloyd Olsen aus dem Bundesstaat Colorado seng Schwéiermamm fir d'Owesiessen op Besuch. Hien ass vun senger Fra an de Gaart geschéckt ginn, fir en Hong ze schluechten. Den Olsen huet sech e fënnef-an-en-hallwe Mount alen Hunn erausgesicht, mä wéi hien e gekäppt huet, huet hien d'Halsschlagoder verfeelt, soudatt een Ouer an de gréissten Deel vum Stammgehir nach intakt waren.

De Mike, sou huet den Hunn geheescht, ass net direkt gestuerwen a konnt sech och nach méi oder manner gutt fortbeweegen an d'Balance op enger Staang halen. Hien huet souguer probéiert ze jäizen a sech ze botzen, wat him awer net gelongen ass. Nodeem de Mike och no engem Dag nach net gestuerwen ass, huet den Olsen decidéiert, en ze verschounen, an huet ugefaangen, sech em hien ze këmmeren. Hien huet de Mike mat enger Mëschung aus Mëllech a Waasser aus enger Pipette gefiddert. Vun Zäit zu Zäit huet hien de Mike mat enger klenger Sprëtz vun sengem Schläim fräi gemaach, fir datt hien net soll erstécken.

Wéi de Mike sech u säin neie Kierper gewinnt hat, konnt hien och op héich Äscht klammen, ouni erofzefalen. D'Jäizen ass him zwar nach ëmmer net gelongen, mä dofir huet hie probéiert, mat sengem Hals no Holz ze picken.

Eng Woch no der Dekapitatioun huet den Olsen de Mike op d'University of Utah zu Salt Lake City bruecht. D'Wëssenschaftler vun do hu festgestallt, datt de Mike nëmmen iwwerlieft huet wëll d'Aaxt nieft der Bluttoder vum Hals opgeschloe war a well eng Thrombose d'Verbludde verhënnert huet.

D'Bekanntheet[änneren | Quelltext änneren]

Duerch seng eenzegaarteg Konditioun ass de Mike séier berüümt ginn. Säi Besëtzer huet hien an den Nieweprogrammer vun Zirkusse gewisen an ass mat him op Tour gaangen. Och an der Press ass vun him geschwat ginn, ënner anerem am Time Magazine

Fir de Mike ze gesinn huet ee missen 25 Cents bezuelen. Um Sommet vum Hunn senger Popularitéit huet den Olsen bis zu 4.500 Dollar pro Mount verdéngt (dat wieren haut ëm déi 50.000 Dollar). De Wäert vum Mike gouf op 10.000 Dollar geschat, a fir déi Zomm gouf en och verséchert.

Den Doud[änneren | Quelltext änneren]

An enger Nuecht am Mäerz 1947 an engem Motel zu Phoenix, wéi den Olsen mat sengem Hunn op Tour war, huet de Mike op eemol ugefaange mat wiergen. Den Olsen hat säi Geschier den Dag virdrun op enger Show vergiess, a konnt dofir dem Mike säin Hals net botzen. De Mike ass dorun erstéckt.

Nom Doud[änneren | Quelltext änneren]

Am Olsen sengem Heemechtduerf Fruita a Colorado ass de Mike haut eng richteg Institutioun. Zanter 1999 gëtt do de "Mike the Headless Chicken Day" gefeiert, den Dag vum Poulet ouni Kapp.

Um Spaweck a Quellen[änneren | Quelltext änneren]