Op den Inhalt sprangen

Milly Ludwig

Vu Wikipedia
Milly Ludwig
Gebuertsnumm Emilie Anna Ludwig
Gebuer 17. Februar 1927
Diddeleng
Gestuerwen 29. Juni 2011
Esch-Uelzecht
Alter 84 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Wäitspréngerin, Héichspréngerin, Hürdeleefer
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1948

D'Milly oder Milena Ludwig, gebuer als Emilie Anna Ludwig de 17. Februar 1927 zu Diddeleng, a gestuerwen den 29. Juni 2011 zu Esch-Uelzecht, war eng lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[1]

An de Krichsjoren huet d'Milly Ludwig mat der Liichtathleetik (Hürdesprint a Wäitsprong) ugefaangen a gouf Member beim beim Cercle des sports Union Dudelange, deen de 25. Mäerz 1945 gegrënnt gi war. Den 12. August 1945 huet si den éischte lëtzebuergesche Rekord am 80-m-Hürdelaf an der Zäit vun 13''7 opgestallt[2].

No 1945 war si op nationalen an internationalen Turnéieren derbäi. Op der Liichtathleetik-Europameeschterschaft 1946 zu Oslo huet si an dräi Disziplinne matgemaach: 80-m-Hürdelaf (13''2, Plaz 7 vun 9), Héichsprong (1,48 m, Plaz 7 vun 10) a Wäitsprong (4,91 m, éischte lëtzebuergesche Rekord)[2].

De 15. August 1945 ass si 5,17 m wäit gesprongen, e Rekord, dee si 24 Joer laang gehalen huet, bis d'Manuela Kaufhold 2 cm méi wäit gesprongen ass[2].

Op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London ass si am Wäitsprong ënner 26 Konkurrentinnen aus 18 Natioune mat engem Sprong vu 4,80 m op d'Plaz 16 komm[3].

No 1953 huet si an enger Klouschterschoul enseignéiert a bei der Grënnung vun der nationaler Basketballfederatioun a vum Basketballclub T71 Diddeleng gehollef.

D'Milly Ludwig ass de 24. Juli 1951 mam Guy Steinmetz bestuet ginn[4].

Unerkennungen

[änneren | Quelltext änneren]
Strooss zu Diddeleng
  • Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Milly Steinmetz-Ludwig an Erënnerung un d'Milly Ludwig[5].
  • 1998 gouf si mam Éierepräis vum „Lëtzebuergesche Sportler vum Joer“ ausgezeechent.

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Milly Ludwig op der Websäit vu sports-reference.com
  2. 1 2 3 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 64-65. ISBN 978-2-9599734-5-1
  3. D'Milly Ludwig op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt den 12.02.2011.
  4. (fr) MARIAGES. Luxemburger Wort, 104. Jg., n° 202/203, p. 7 (21.07.1951). Gekuckt den 18-.06.2024.
  5. Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.
  6. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur