Minipli (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Minipli (Band))
Minipli
Museksgenre experimentell Rockmusek
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2006
Trennung 2009
Websäit MySpace
Memberen Natalie "Fiffi" Pickar (Gesank, Batterie)
Michel "Wichl" Flammant (Gittar, Bass, Keyboard)
Eric "Nipless" (Gesank, Gittar, Bass, Keyboard, Eletronik) [1]

Minipli war eng lëtzebuergesch Museksgrupp.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf am Wanter 2006 vun zwéi fréiere Membere vun John McAsskill an engem Member vu Farmer Cookie Propellers gegrënnt.[2] Den Trio huet am November 2007 säin éischten Album Love Is for the Fishis um Musekslabel Comet Records erausbruecht. Hire Stil gouf ënner anerem als "minimalistesche lo-fi Electro-Pop mat Gittare, Keyboards an duebel opgeholle Gesanksstëmme" an als "irgendwou tëscht minimalem Rock, Post-Punk, Wave an Elektropop" beschriwwen.[3],[4]

2009 huet Minipli d'EP I Go Boom!, déi manner minimalistesch a méi Disko-orientéiert war, an d'Single Bobby-Ray verëffentlecht.[5] D'Grupp huet Lëtzebuerg a Loutrengen an der Sektioun "Découvertes" um Printemps de Bourges 2009 representéiert.[6] Am selwechte Joer huet den Eric d'Band verlooss an déi zwéi Memberen hunn ënner dem Numm Plankton Waves weidergemaach.[7],[8]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: Love Is for the Fishis

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: I Go Boom!

Single[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Bobby-Ray

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. woxx.lu: Oh Ah, Oh! Minipli! vum Claire Barthelemy (13. September 2007)
  2. land.lu: Pas l'ombre d'un (mini)pli (18. Oktober 2007)
  3. Albumreview op venue.de
  4. Albumreview op ox-fanzine.de
  5. Singlereview op disagreement.net
  6. lequotidienlu: Minipli: c'est déjà le printemps! (27. Januar 2009))
  7. lequotidien.lu: L'automne directement après le printemps (20. Mee 2010)
  8. lessentiel.lu: Minipli: «Aujourd'hui, la scène nous appartient» (24. Mee 2009)