Mobutu Sese Seko

Vu Wikipedia
Mobutu Sese Seko
Gebuertsnumm Joseph-Désiré Mobutu
Gebuer 14. Oktober 1930
Gestuerwen 7. September 1997
Rabat
Doudesursaach Prostatakriibs
Aktivitéit Politiker, Journalist, Militär

De Mobutu Sese Seko Kuku Ngbendu wa Zabanga, gebuer als Joseph-Désiré Mobutu de 14. Oktober 1930 zu Lisala, an der Provënz Mongala, a gestuerwen de 7. September 1997 zu Rabat) war vun 1965 bis 1997 President vun der Demokratescher Republik Kongo (vun 1971 bis 1997: Zaire).

Hie gouf 1958 Member vum Mouvement National Congolais, a gouf, nodeems de Kongo den 30. Juni 1960 onofhängeg gi war, Staatssekretär, a geschwënn dono Commandant-en-chef vun der kongoleesescher Arméi. Do war mat um Putsch géint de Premierminister Patrice Lumumba, de 14. September 1960, bedeelegt. De Mobutu huet e Kommissärscollège als Exekutiv agesat, a sech selwer aus der Regierung zeréckgezunn. Wéi et zu Muechtkämpf tëscht dem President Kasavubu a sengem neie Premier Moïse Tschombé koum, huet de Mobutu de 24. November 1965 e Militärputsch organiséiert. Den 22. Mäerz 1966 huet en de Colonel Léonard Mulamba zum Premier a sech selwer zum President ernannt.

Hien huet et fäerdegbruecht seng Muecht ze stabiliséieren mat enger Kombinatioun vu Gewalt, Korruptioun an dem fréien Eliminéiere vu méijlecheen alternative Muechtzentren, déi em kéinten op d'Dauer geféierlech ginn. Dofir huet de Mobutu och auslännesch Söldnertruppen agesat, a sech d'USA als Alliéierten erausgesicht.

1968 huet e säi politesche Géigner Pierre Mulele grausam ëffentlech foltern an doutmaache gelooss. Fir sech no bannen ze legitiméieren huet hie vun den 1970er Joren un eng Authenticité-Politik proklaméiert, eng Zort "Réckbesënnung op afrikanesch Wäerter", wat z. B. an der Ëmbenennung vum Numm vum Land a "Zaire", oder der Afrikaniséierung vu chrëschtleche Virnimm säin Ausdrock fonnt huet (Hie selwer huet sech z. B. a Mobutu Sese Seko Kuku Ngbendu wa za Banga ëmbenannt, wat souvill heescht wéi "Den Hunn, deen ouni Angscht vun enger Eruewerung bei déi aner viru geet" (oder och "De mächtegen Hunn, deen op all Hong klëmmt, dat do ass". Och Deel vun der Authenticité-Politik war d'"Nationaliséierung" vu belschen Entreprisen, woubäi dës allerdéngs a säi Privatbesëtz iwwergoungen. Dem Mobutu seng Regierung war eng Kleptokratie, där et manner drop ukoum, de Wuelstand vum Vollek ze vergréisseren, wéi deen eegenen. Transparency International schätzt, datt hien duerch Korruptioun ronn 5 Milliarden US-Dollar zesummegeraf hat. D'westlech Länner hunn doriwwer ewechgekuckt, sief et aus wirtschaftlechem Intressi, sief dat, well de Mobutu sech als "Antikommunist" proklaméiert huet.

Dës Politik huet d'Land ëmmer méi aarm gemaach, well et kaum Investitioune goufen, an all Sue fir Entwécklungshëllef um Mobutu senge Konte verschwonne sinn. An den 1990er Jore koum et zu ëmmer méi staarkten Onrouen, déi de Mobutu probéiert huet, doduerch ze zëssen, andeems en eng éischt Kéier Oppositiounsparteien zougelooss huet. Hien huet awer probéiert, déi sou anzebannen, datt hie weider d'Kontroll hätt.

Et war awer virun allem seng Gesondheet, déi e geschwächt huet, an sou koum et datt am Mee 1997 Rebelle Kinshasa eruewert hunn, wéi hien an engem Spidol am Ausland war. De Laurent-Désiré Kabila gouf neie President. De Mobutu goung an den Exil a Marokko wou en am September 1997 u Prostatakiibs gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mobutu Sese Seko – Biller, Videoen oder Audiodateien