Kino Moderne

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Moderne (Esch))
Kino Moderne
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht

De Moderne war e Kino zu Esch-Uelzecht, deen an der Victor-Hugo-Strooss stoung.

En huet 1931 opgemaach, Proprietär waren d'Bridder Gantenbein, deenen och de Kino Métropole gehéiert huet.

1981 ass de Projekter am Moderne fir ëmmer ausgaangen. Et gouf e Squash-Zenter dran ageriicht, dee méi spéit Garage Plaz gemaach huet, zur Strooss hin war et och e Geschäftsraum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]