Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch

Vu Wikipedia
Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch
Zweck Promotioun vum Lëtzebuergeschen
Grënnungsdatum 16. Abrëll 2005
Sëtz Lëtzebuerg
Presidentin Denise Heiderscheid
Websäit https://moienasbl.lu/


Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi de 16. Abrëll 2005 gegrënnt gouf[1]. D'Grënnerin an éischt Presidentin war d'Jackie Weber-Messerich.

D'Ziler vum Veräi sinn:

  • Lëtzebuergesch Coursen ze halen, an den auslännesche Matbierger d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Schreifweis méi nozebréngen.
  • Formateursdeeg ze organiséieren, fir den Austausch tëscht de Formateuren ze erméiglechen a fir den Oflaf vun de Coursen ze optimiséieren.
  • Derzou bäizedroen, fir d'Integratioun duerch d'Sprooch an d'Kultur ze fërderen.

D'Coursë fir Erwuessener hunn de Label de qualité a si vum Service de la formation des adultes vum Educatiounsministère konventionéiert, vun deem de Veräin och subventionéiert gëtt.

Statistik iwwer d'Coursen zanter 2018

Joer Coursen Männer Fraen Total
Aprenanten
Certificaten
(SFA)
2018/2019 62 360 614 974 759
2019/2020 50 326 512 838 598
2020/2021 59 326 576 902 716

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial C N° 952 vum 28. September 2005 S. 45677. Gekuckt de(n) 19. Mäerz 2022.