Monster Malya

Vu Wikipedia

Monster Malya. E Kannerbuch fir erwuesse Leit ass e Roman a a Lëtzebuerger Sprooch vum Roland Meyer, deen 2023 am Verlag Op der Lay erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

D'Malya ass en eelef Joer aalt Meedchen, dat et familiär a schoulesch net esou einfach huet. Et lieft mat senger Mamm an zwou Schwësteren zesummen, de Papp ass fort, an d'Mamm huet ëmmer nees nei Frënn, déi der Famill alles anescht wéi gutt doen. An der Schoul ass hatt e sougenanntProbleemkand, well et seng Emotiounen net am Grëff huet an do dacks aus der Këscht spréngt.

De Roland Meyer léisst d'Malya seng Geschicht erzielen, wéi et säin Doheem a seng Schoul erlieft, virun allem awer seng eege Gefiller, seng Vue op d'Welt, a kontratéiert se mat den Aussoe vun den Erwuessenen (Léierin, Schouldirekter, Schoulpsychologin, asw), deenen hir méi oder manner verbeamtet Ausdrocksweis deenen hier Onmacht an Hëlleflosegkeet zum Ausdrock bréngt...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]