Mont Rigi

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Fagne de la Poleûr um Mont Rigi

De Mont Rigi ass mat 680 Meter, eng vun héchste Plazen an der Belsch am Héije Venn an der Gemeng Waimes an der Provënz Léck.

De Mont Rigi läit op hallwem Wee tëscht der Baraque Michel an dem Signal de Botrange. Iwwer de Mont Rigi féiert d'N 68, déi do och en Deel vun der Europastrooss E421 ass.

Um flaache Südwesthank vun der Kopp entsprangen zwou Baachen, de Ruisseau de Herbôfave dee säi Quellgebitt net wäit ewech vun der Croix des Fiancés huet, an d'Polleur, déi hiren Numm gläich duerno an Hogne ännert, fir schliisslech an hirem ënneschte Laf als Hoëgne an d'Weser ze lafen.

1924 gouf um Mont Rigi vun der Lécker Uni d'Station scientifique des Hautes Fagnes opgeriicht. E vun den Haaptleit do derbäi war den Naturwëssenschaftler Léon Frédéricq.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]