Montenau
Ausgesinn
Montenau fr: Montegnée | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Däitsch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng | Amel |
Koordinaten |
50° 21’ 31.00’’ N 06° 07’ 21.95’’ O |
Telefonszon | 080 |
Postcode | 4770 |
Montenau (fr.: Montegnée) ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Amel a Wallounien, an der Provënz Léck.
Si gehéiert zur Däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch a läit an den Ostkantonen, déi eréischt 1922, nom Traité vu Versailles, bei d'Belsch koumen.
Virdrun huet d'Uertschaft grad wéi d'Gemeng Amel vun 1814 bis 1919 zu Preise gehéiert, an tëscht 1919 an 1922 stoung se ënner Verwaltung vum Haut-Commissariat royal. Vun 1940 bis 1945 war se un d'Drëtt Räich ugeschloss.
Fréier huet d'Uertschaft eng Zäit laang Montegnouville geheescht.
D'Uertschaft war un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Vennbunn, op där awer nom Zweete Weltkrich op verschidden Deelstrecke kee Persounenzuch méi gefuer ass.