Monument aux morts Lampertsbierg
Ausgesinn
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Lampertsbierg |
Adress | Avenue Victor Hugo |
Koordinaten | 49°37'15,73"N, 6°7'16,78"O |
Ageweit | 9. Mee 1954 |
Material | Sandsteen |
Kënschtler | Pierre Berchem |
D'Monument aux morts Lampertsbierg ass e Monument bei der Kierch um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg dat un déi Lampertsbierger Affer aus dem Zweete Weltkrich erënnert.
Den architektoneschen Deel vum Monument gouf vum Professer Joseph Wegener entworf. D'Pietà aus Iernzener Sandsteen ass e Wierk vum Pierre Berchem.
Um Sockel vun der Pietà steet den Text:
A NOS MORTS
1940 – 1945
D'Monument gouf den 9. Mee 1954 ageweit.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Berchem, Pierre, 2009. Pierre Berchem - sculptures - dessins - peintures. Pierre Berchem. Dréckerei: saint-paul luxembourg, ISBN 978-2-87996-612-0, Ss. 38-40