Monument fir d'gefale Foussballisten Péiteng

Vu Wikipedia
Monument fir d'gefale Foussballisten Péiteng
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Péiteng
Plaz Péiteng
Koordinaten 49°33'27,14"N, 5°51'27,43"O
Ageweit 14. Mee 1950

D'Monument fir d'gefale Foussballisten Péiteng ass e Monument zu Éiere vu 7 Spiller vum Péitenger Foussball déi net aus dem Krich erëmkoumen, nodeem se zwangsrekrutéiert waren. D'Monument steet beim Stade municipal zu Péiteng

Nimm vun de gefalene Foussballisten:

  • Robert Goffinet
  • Isidore Klein
  • Jules Klepper
  • Bibbes Perrard
  • Ady Roderes
  • Gusty Schweigen
  • Paul Weyler

D'Monument stoung fir d'éischt beim fréiere Stade Antoine Nangeroni (49° 33’ 37’’ N 5° 52’ 33.5’’ O) an der Kuerstrooss, wou et de 14. Mee 1950 ageweit gouf. Wéinst dem Bau vum Contournement vu Péiteng (N 31), uganks der 1990er Joren, gouf d'Monument ofgerappt an et huet 10 Joer gedauert bis et beim neie Stade municipal op der Attemer Strooss (N 5D) nees opgeriicht gouf an de 6. Juli 2003 ageweit gouf.