Moses
Moses | |
---|---|
De Moses vum Michelangelo (San Pietro in Vincoli). | |
Gebuer | 2. Joerdausend v. Chr. jul. |
Gestuerwen | 2. Joerdausend v. Chr. jul. |
Nationalitéit | keng |
Educatioun | onbekannt |
Aktivitéit | Feldhär, Thaumaturg, Herrscher |
Famill | |
Papp | Amram |
Mamm | Jochebed |
Geschwëster | Aaron, Mirjam |
De Moses (Hebräesch: מֹשֶׁה, Mōšæ; Griichesch: Μωυσῆς a Μωσῆς, Mō(y)sēs; Arabesch: مُوسَى, "Mūsā") oder Mose ass d'Zentralfigur vum Pentateuch.
Et ass de wichtegste Prophéit am Juddentum an e wichtege Prophéit am Chrëschtentum, am Islam an an anere Glawensrichtungen.
Déi biblesch Mosesgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Der biblescher Iwwerliwwerung no ass de Moses an Egypten gebuer als Kand vum Stamm Levi, zu enger Zäit wou d'Israeliten do vum Pharao fir Fronaarbechte festgehale goufen. Si sinn der awer ëmmer méi ginn, sou datt de Pharao Angscht krut, si kéinte sech mat senge Feinden zesummendoen, an hien den Uerder ginn huet, all neigebueren hebräesch Jongen doutzeman. Dem Moses seng Mamm Jochebed huet hire Bouf doropshin un den Uwänner vum Nil ausgesat fir en ze schützen. Eng Duechter vum Pharao huet en zesumme mat senger eegener Schwëster Mirjam fonnt a mat op den Haff matgeholl, wou e vun der egyptescher Kinneksfamill adoptéiert gouf.
Als Erwuessenen huet de Moses en egyptesche Sklawendreiwer ëmbruecht deen en Hebräer erschloen hat, sou datt en huet missen op Midian fortlafen. Do huet Gott zu him aus engem pickegen Trausch, dee gebrannt huet, geschwat an him d'Missioun ginn, d'Israeliten aus der egyptescher Sklaverei erauszeféieren.
Sou ass de Moses zeréck bei de Pharao gaangen an huet vun him d'Fräiloosse vun de Judde gefuerdert. Deen huet awer eréischt agewëllegt nodeem datt Gott déi Zéng Ploen iwwer Egypte komme gelooss huet. De Moses huet dunn den Exodus vum auserwielte Vollek aus Egypten ugefouert. De Pharao wollt nees op seng Decisioun zeréckkommen an ass den Israelite mat senger Arméi nogaangen, mä de Moses huet mat sengem Staf d'Rout Mier gedeelt, sou datt seng Leit op déi aner Säit konnten, dem Pharao seng Arméi ass awer erdronk wéi d'Waasser erëmkoum. Um Bierg Sinai krut de Moses vu Gott déi Zéng Geboter. Wéi en awer vum Bierg nees erofgeklotert koum, do huet e gesinn datt verschiddener vu senge Leit e Gëllent Kallef ugebiet hunn, déi e gaangs dofir bestrooft huet. Véierzeg Joer huet d'Wanderung duerch d'Wüst gedauert, wärend där d'Israelite sech mat Manna geniert hunn, dunn endlech hu se a Kanaan erandäerften.
De Moses ass zwar 120 Joer al ginn, mä en ass gestuerwen nodeem en dat versprachent Land vu wäitem gesinn hat.
Froen ëm en historeschen Urspronk vun der Figur Moses
[änneren | Quelltext änneren]Bis an d'Zäitalter vun der Opklärung (an dacks doriwwer eraus) huet de Moses als historesch Persoun gegollt, déi d'Bicher vum Pentateuch (éischt bis fënneft Buch vum Moses) selwer geschriwwen huet.
Déi meescht Archeologen a Philologe sinn awer hautdesdaags der Iwwerzeegung, datt de Moses eng Seechefigur ass, där hir Erzielung zanter 1500 oder och 1300 v. Chr. mëndlech iwwerliwwert gouf an un déi och vill Erzielstoffer drugehaange goufen déi uganks näischt mam Moses ze dinn haten, an datt de Pentateuch tëscht dem 6. a 5. Joerhonnert v. Chr. zur Zäit oder kuerz no der Zäit vum jiddeschen Exil zu Babylon vu jiddesche Geeschtleche geschriwwe gouf.
D'Figur vum Moses wier deemno vu verschiddene Perséinlechkeete vun der egyptescher Geschicht inspiréiert, wéi z. B. vum „By“ / „Beja“, engem egyptesche Würdenträger deen als "Irsu" en Opstand vun "Asiaten" géint déi egyptesch Herrschaft ugefouert soll hunn an dowéinst aus dem Land verdriwwe gouf. A Fro kënnt och de Ramsesemperre, en héijen egyptesche Beamte mat semiteschen Originnnen, deen diplomatesch Funktiounen hat an egyptesch Intressie géinteniwwer de Schasu vertrueden huet.
Vu datt keng egyptesch Quelle vun engem groussen Exodus vu Semite schwätzen, bezweifele minimalistesch Fuerscher wéi den Niels Peter Lemche ob et sou en Exodus iwwerhaapt gouf. Den Eusebius gesäit fir säin Deel den Auszuch vun den Hyksos aus Egypten als Grondinspiratioun. Dem Archeolog William G. Dever no kéint et awer och sinn, datt just eng relativ kleng Zuel vu Schasu an Apiru de Wee aus Egypten eraus gewielt huet, déi sech a Kanaan mat Leit vermëscht hunn déi schonn ëmmer do gelieft hunn, an datt sou kleng Tëschefäll fir déi egyptesch Geschichtsschreiwer eppes alldeegleches waren, dat net onbedingt opgeschriwwe ginn ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Moses – Biller, Videoen oder Audiodateien |