Mirjam

Vu Wikipedia
Mirjam
Gebuer 1400v. Chr.
Gestuerwen 1274v. Chr.
Aktivitéit Prophéit
Famill
Geschwëster Moses

D'Mirjam oder Miriam ass an der Bibel eng Prophéitin a Schwëster vum Aaron a vum Moses.

Biblesch Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well d'hebräescht Vollek wat an Egypten gelieft huet zu hirer ëmmer méi ginn ass, huet de Pharao den Uerder ginn all neigebueren hebräesch Jongen am Nil z'ertränken. Dem Moses seng Mamm huet hien awer an e Kuerf dee mat Pech waasserdicht gemaach geluecht an hien um Nil ausgesat. Dat huet d'Mirjam gesinn, an och wéi dem Pharao seng Duechter de Kuerf aus dem Nil fësche gelooss huet. Dunn ass si bei se gaangen an huet hir ugebueden eng hebräesch Fra ze sichen déi de Bouf kéint nieren an huet dunn hir Mamm matbruecht. (2. Mose 2,1-9)

Spéider, wéi Israel aus Egypten ausgezu war an dréchen duerch d'Schilfmier komm ass wärend d'Egypter am Waasser erdronk sinn, hunn de Moses an och d'Mirjam, déi hei als Prophéitin bezeechent gëtt, den Härgott duerch Gesank fir hir Rettung gelueft (2. Mose 15,20-21).

Wärend hirer Wanderung duerch d'Wüst ass et dacks zu Onzefriddenheet ënner dem Vollek komm, an och d'Mirjam huet sech zesumme mam Aaron géint de Moses gestallt. Si hunn him éischtens virgeworf datt seng Fra Zippora schwaarz war, a keng vun hinnen, an hunn a Fro gestallt datt den Härgott eleng duerch de Moses schwätze kéint. Dat huet den Här héieren an huet d'Mirjam aussätzeg gemaach an hat ass wärend siwen Deeg aus dem Vollek ausgeschloss ginn. (4. Mose 12,1-15)

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den hebräeschen Numm Mirjam ass am Neien Testament zur laténgescher Form "Maria" ginn, den Numm dee verschidde Fraen haten, am bekanntsten d'Muttergottes, souwéi d'Maria Magdalena.

D'Bedeitung ass net ganz gekläert. Sou gëtt uginn: "Geschenk vu Gott", "Déi mat där ee frou ass" (frz. Bien-aimée), oder och nach "Battert", well de Moses zu Mara, eng Plaz an der Wüst, aus batterem Waasser mat Hëllef vun engem Bam Drénkwaasser gemaach huet. "Mara", "Mirjam" a "Maria" sollen enges sinn, well d'hebräesch Bibel keng Vokaler kennt.

"Mirjam" soll och de semiteschen Numm vun der Grousser Gëttin Mari sinn, der "fruchtbarer Mamm" an hirer Erscheinung als Miergëttin (och dohier: battert = salzegt Waasser).

Des Weidere wier d'Form "Mirjam" e Partizip vum hebräesche Verb "opstoen, erhiewen", géif also an deem Zesummenhank bedeiten: "déi Erhaben". Och d'Bedeitung "déi Ongezähmt" gëtt heiansdo ernimmt.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Déi bekanntst Variante vum Numm sinn: Miri, Manon, Maria, Mariam, Marianne, Mariana, Marie, Marieke, Mariella, Marietta, Marion, Marisa, Marita, Mary, May, Maureen, Mieke, Mirja, Mirä, Miryam, Mirjam, Mirijam, Myriam, Mimi, Merit, Mariame, Meike, Matka, Miranda, Mia.

Bekannt Leit déi de selwechten Numm hunn[änneren | Quelltext änneren]

Namensdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]