Liichtmëssdag

Liichtmëssdag, den 2. Februar, ass deen Dag, op deem zu Lëtzebuerg d'Kanner liichte ginn, dat heescht se gi mat "Liichtebengelen" a klenge Gruppe vun Haus zu Haus. Den Numm kënnt vum däitschen Ausdrock Lichtmesse (Lichtgottesdienst)[1] an d'Fest gëtt 40 Deeg no Chrëschtdag gefeiert.[2]
Dës Liichtebengele ware fréier einfach Bengelen, ronderëm déi eng Wick opgewéckelt war, haut droen d'Kanner meeschtens Lampionen (aus Sécherheetsgrënn mat elektresche Bieren, amplaz Käerzen). Dobäi ginn nieft dem wäit verbreete "Léiwer Hergottsblieschen" lokal heiansdo och nach aner Lidder gesongen.
A Frankräich, an der romanescher Schwäiz an an der Belsch ginn op Liichtmëssdag traditionell Paangecher gebak, well hir ronn Form a gëlle Faarf un d'Sonn erënnert, déi sech no der Däischtert a Keelt vum Wanter, erëm weise kënnt[3]. Dëse Brauch léisst sech op de Poopst Gelasius I. zeréckféieren, dee Paangecher un d'Pilger, déi zu Roum ukoumen, verdeelt huet. Et ass Traditioun, d'Paangecher mat der rietser Hand aus der Pan an d'Luucht ze geheie fir se ze dréinen, wärend een eng Goldmënz (z. B. ee Louis d'or) oder eng aner Mënz an der lénkser Hand hält fir sech dat ganzt Joer duerch Wuelstand ze sécheren. Dobäi muss ee sécherstellen, dass d'Paangecher rëm richteg an der Pan landen.[4]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]
Liichtmëssdag geet zeréck op d'keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf an deem säin Uleies d'Rengegung an d'Fruchtbarkeet um Enn vum Wanter waren. D'Bauere sinn an enger Pressessioun mat Fakelen op d'Felder gezunn an hunn d'Gëttin ugebiet, si soll d'Felder rengegen, éier se nei ausgeséint géifen.[5]
Och dat antikt réimescht Lupercalia-Fest, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf zu Éiere vum Faunus, Gott vun der Fruchtbarkeet, spillt hei mat eran. Ëm déi selwecht Zäit hunn d'Réimer och d'Feralia gefeiert, ee Fest, mat deem se hir Doudeger geéiert hunn. [6]
Am 5. Joerhonnert huet de Poopst Gelasius I. dës Riten duerch "d'Luuchtefest" ersat, dat doru sollt erënneren, wéi der Bibel no d'Maria de Jesus am Tempel presentéiert huet an hatt doduerch gerengegt gouf. Der jiddescher Traditioun no hunn d'Mammen hiren éischtgebuerene Jong 40 Deeg, nodeems en op d'Welt koum, am Tempel misse presentéieren.
Enn vum 10. Joerhonnert entstoung de Brauch, d'Kräizer ze seenen an eng Liichterpressessioun z'organiséieren, dëst als Virfreed op d'Fréijoer, dat geschwënn ufänkt[1].
Spéider goufen dunn an de chrëschtleche Kierchen d'Fakele duerch Käerzen ersat, déi geseent a vun de Leit versuergt goufen, fir se bei Gefor (Donnerwieder, etc.) unzefänken an hiert Doheem ze schützen. Si sollten dat Béist ofwieren an déi Gleeweg drun erënneren, dass Christus d'Liicht vun der Welt ass. Zanter 1372 ass d'Fest och mat der Rengegung vun der Muttergottes verbonnen, also mat hirer Operstéiungsfeier.[7]
Bauerereegel
[änneren | Quelltext änneren]"Wann op Lichtmëssdag den Duess (Dachs) säi Schiet gesäit, da kräicht en erëm fir sechs Wochen a seng Hiel."
D'Traditioun vum Groundhog Day ass déi nordamerikanesch Adaptatioun vun dëser Bauerereegel. Bei dësem Fest geet et ëm d'Beobachtung vun engem Muermeldéier sengem Verhalen, déi der Traditioun no op déi weider Entwécklung vun de Wiederconditiounen an domat verbonnen dem Wanter schléisse léisst. Besonnesch gefeiert gëtt dat Fest zu Punxsutawney a Pennsylvania. Dëse Brauch gëtt op anschaulech Manéier am Film Groundhog Day (op Däitsch Und täglich grüßt das Murmeltier, op Franséisch Un jour sans fin) mam Bill Murray duergestallt.
Lidd
[änneren | Quelltext änneren]Traditionell gëtt dëst Lidd vun de Kanner gesonge wa s'un d'Diere schelle ginn. Si hoffen als Belounung Schneekereien oder Suen ze kréien. Den Hergottsblieschen bezeechent den Hellege Blasius, ee vun de véierzéng Nouthëllefer, deem säin Namensdag den Dag drop ass.
Léiwer Hergottsblieschen
[änneren | Quelltext änneren]Quell vun dëser Versioun: Nik Welter 1929 an der Literatur.
Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen,
an déi al Leit stierwen / derniewent.
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.[8]
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Edmond de la Fontaine, Luxemburger Sitten und Bräuche. 5. Oplo, Lëtzebuerg 1995 (Original-Editioun 1883), ISBN 2-87982-046-4.
- Welter, Nikolaus, 1914. Das Luxemburgische und sein Schrifttum, Säit 50 S. G. Soupert, Luxemburg.
- Walter, Philippe (1989). La Mémoire du temps. Fêtes et calendriers de Chrétien de Troyes à la Mort Artur. Paris: Champion. ISBN 9782051010337.
- Günther Richter: Feste und Bräuche im Wandel der Zeit: Kirmes, Kürbis und Knecht Ruprecht. Luther, Bielefeld 2011, ISBN 978-3-7858-0590-9, S. 66 ff.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder
- Buergbrennen, Brauch zu Lëtzebuerg, am däitsche Grenzgebitt an an der Belsch
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Liichtmëssdag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 Quell: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg, Säit 4. Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu de 15. Januar 2019
- ↑ (fr) Chandeleur. Lexilogos. Gekuckt den 3. Februar 2023.
- ↑ Candlemas in France: Regional crêpes for La Chandeleur. https://www.connexionfrance.com. Gekuckt den 31.01.2023.
- ↑ (en) Collet, Natalie, La Chandeleur. French Library (28.01.2020). Gekuckt den 31.01.2023.
- ↑ (fr) Revue celtique / publiée avec le concours des principaux savants des îles britanniques et du continent... Gallica (1924). Gekuckt den 31.01.2023.
- ↑ Dumézil, Georges. Archaic Roman Religion. Vol 1. Chicago and London: The University of Chicago Press, 1966. p. 366
- ↑ Fernand Leroy, , De Boeck Supérieur, 2001, S. 96.
- ↑ Eng Variant ëm 1900 seet hei: Da kritt der eng déckech op d'Schnëss. (Quell: Postkaart N. 22 vum Charles Bernhoeft, 1906)