Geschwëster
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


Net all Bezeechnung ass am allgemenge Sproochgebrauch, absënns wat ee sech méi wäit vum Proband "Ech" ewech beweegt.
D'Geschwëster oder Gesëschter sinn – nieft dem „Ech “ – aner Kanner vun den Elteren:
- Brudder = Bouf vun den Elteren;
- Schwëster = Duechter vun den Elteren;
- Adoptivbrudder, Adoptivschwëster = Kand dat vun engem oder zwéin Elterendeeler legal adoptéiert gouf an dat engem biologesche Kand gläichgestallt ass;
- Hallefbrudder, Hallefschwëster = Kand vun der Mamm oder dem Papp an engem anere Partner;
- Stéi(f)brudder, Stéi(f)schwëster = Kand vum (neie) Conjoint vun engem Elterendeel mat engem anere/fréiere Partner.
| Mamm | Papp | Fra bestuet oder net | |||||||||||||||||||||||||||||||||||
| Geschwëster | Ech | Adoptiv- geschwëster | Hallef- geschwëster | (Stéif- geschwëster) | |||||||||||||||||||||||||||||||||
D'Wuert Geschwëster begräift d'Schwëstere grad wéi d'Bridder; d'Bezeechnung Gebridder[1][2] ass vereelzt a gëtt héchstens nach fir fest Begrëffer benotzt wéi z. B. d'Gebridder Grimm, d'Gebridder Montgolfier oder d'Gebridder Collart.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Geschwëster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Luxemburger Wörterbuch, Gebridder. Gekuckt de 26.12.2021.
- ↑ (de) Wörterbuch der luxemburgischen Mundart, Gebridder Archivéiert de 26.12.2021. Gekuckt de 26.12.2021.