Motor Development International

Vu Wikipedia
En AirPod um Autosalon zu Genf

Motor Development International S.A. (MDI) ass eng lëtzebuergesch Firma, déi Autoe mat Drockloftmotor entwéckelt.

Lëtzebuergesch ass awer just d'S.A., die aus steierlechen Ursaache gegrënnt gouf. D'Firma an all d'Mataarbechter sëtzen zu Carros a Frankräich.

Geschicht an Objet vun MDI[änneren | Quelltext änneren]

MDI gouf Enn 1991 vum Guy Nègre zesumme mat enger 160 Investisseure gegrënnt. Si huet haut eng 300 Privataktionären a beschäftegt eng 30 Ingenieuren, haaptsächlech um Recherchesite zu Carros bei Nice. [Source?]

De Konzept vun MDI ëmfaasst eng ganz Gamme vu Gefierer: MiniCATs fir Kuerzstrecken, CityCATs fir den urbane Raum, MultiCATs fir den Transport vu Leit oder Gidder, a OneCATs als Spuerversioun fir Entwécklungslänner.

Geplangt sinn och Minifabrécke fir déi dezentral Produktioun vu Loftdrockautoen. Allerdéngs huet MDi säit Joerzéngten ëmmer nees Verspriechunge gemaach, déi ni ageléist goufen.

Kooperatioun mat Tata Motors[änneren | Quelltext änneren]

MDI huet am Januar 2007 en Accord mat der indescher Firma Tata Motors ofgeschloss fir d'Lizenzproduktioun an de Verkaf vun Autoen an Indien[1].

Tata Motors huet allerdéngs 2009 annoncéiert, datt déi prinzipiell Problemer vu Loftdrockmotoren net an de Grëff ze kréie sinn, dorënner virun allem de Veräisungsproblem.[2] D'Drockloft muss komplett entfiicht sinn, bis -50 Grad, déi entspriechend Entfiichtung op Kompressionssäit ass opwenneg an energeetesch erëm nees fir de Prozess verluer. Duerno sinn all Artikelen a Linken zu MDI vun den Tata-Websäite verschwonnen.

Kritik um Geschäftsmodell[änneren | Quelltext änneren]

Och ass et net ausgeschloss datt dat Ganzt e Bedruchsmodell ass, wat awer schwéier noweisbar ass. Et ass net verbuede fir Verspriechungen ze maachen, déi net agehale kënne ginn. [3] Sämtlech Partner aus de leschten 10 Joer déi d'MDI Produkter ënner Lizenz wollten hierstellen (Mexiko, USA, Indien, Frankräich, Andorra, Australien...) sinn ofgesprongen, am Januar 2011 och Catecar s.a. aus der Schwäiz.[4] Wéi liicht sech MDI an de Guy Nègre domat di fir Verspriechungen ze maachen déi ni agehale ginn ass hei ze gesinn (Video vun 2007): http://www.dailymotion.com/video/xt5o3v_lancement-de-la-minicat-voiture-a-air-comprime-pour-3500-euros_webcam#.UO3Uro4_fYE

Et gouf och nach ni en onofhängegen Test vu sengen annoncéierte Performancen, an dobäi ass dat den Haaptpunkt vun de Kriticken u sengen Aussoen. Wann et sou wier wéi MDI behaapt, wier een eenzegen Test vun onofhängeger Säit an de leschten 10 Joer duergaange vir all déi Kritiker liicht zum Verstommen ze bréngen.

Technik an Thermodynamik vum Drockloftmotor[änneren | Quelltext änneren]

Virausgesat datt et sou Pompele gëtt, kann den Drockloftreservoir op Tankstellen opgefëllt ginn oder och duerch e Kompresser am Auto wann een dee fir 3-6 Stonnen un eng 230V Steckdous uschléisst. De Betrib u sech ass schuedstoffräi, wéi et mam Elektresch fir d'Kompressioun steet, ass eng aner Saach.

D'Virgabe vun MDI sinn awer physikalesch net ze halen: fir op 300 bar ze kompriméiere brauch een 63kw/m3/min[5]. Kompresseren am Industrieberäich déi déi Performance hunn, weien iwwer 400 kg, also souvill oder méi wéi den Auto. Schlëmmer nach ass d'Tatsaach, datt dem Nègre säi Motor nëmme mat 20 bar funktionéiert; d'Entspanung vun 300 bar op 20 bar geschitt duerch en einfacht Reduzéierventil an ass domat fir d'Energiebilanz verluer. Alles an allem kommen nom System MDI un de Rieder net méi wéi maximal 2-3 kWh vun den theoreetesche 14,3 kWh un. Et ass och net virstellbar datt Privatleit doheem Installatioune fir 300 bar benotzen, well dat extreem geféierlech ass an déi ganz Installatiounen ëmmer nees gepréift musse ginn, wat deier gëtt. (Ee Lach vu Spéngelsgréisst an engem Schlauch an d'Fangere wiere propper ofgetrennt.)

Als Beispill fir den energeeteschen Opwand fir Drockloft hierzestellen, kann een normal Kompressere fir den Hausgebrauch erunzéien. Sou brauch een z. B. mat dësem Modell[6] fir 90 m3 Loft op nëmmen 10 bar (!) ze kompriméieren 9.91 kWh, an dëst stëmmt änlech och fir aner Modeller. Et ass also net virstellbar, wéi MDI behaapt, 90 m3 Loft op 300 bar ze kompriméiere mat nëmmen ëm déi 20 kWh an engem eestufege Kompressor. Industriell Kompresseren hunn zwar en (theoreetesch) besseren thermodynamesche Wierkungsgrad bedéngt duerch 3 oder 4stufeg Kompressioun, mä dat geet awer zesumme mat extreem héijem Gewiicht (200–450 kg) a méi héijer Reiwung. Ausserdeem ass dobäi déi noutwendeg komplett Entfiichtung vun der Drockloft nach net mat agerechent - an déi ass zwéngend noutwendeg well soss de Motor am Betrib direkt veräist.

De Virdeel par Rapport zu Elektroautoen ass datt d'Produktioun méi bëlleg wier (dofir bräicht et awer änlech héich Stéckzuelen) an datt et keng Problemer mam Recycling vu Batterië gëtt. Den Nodeel besteet am Energieverloscht duerch d'Hëtzt déi bei der Kompressioun vun der Loft entsteet. Ausserdeem misst d'Elektrizitéit fir d'Kompresseren integral aus erneierbare Quelle komme well soss d'Primärenergiebilanz "well-to-wheel" katastrophal gëtt[7]

Nach ass d'Entwécklung vun den Drockloftautoen awer net ofgeschloss, mä dat gëllt och fir aner Konzepter. Kritiker gleewen net un déi annoncéiert Performancë vun den Drockloftmotoren a suerge sech ëm d'Anhale vu Sécherheetsnormen, wärend de Guy Nègre dogéinthält et géife keng sou Problemer ginn. Bis elo gouf säin Airpod nëmmen zu Lëtzebuerg homologéiert (Fréijoer 2011), mä just ënner der Norm vun Dräirieder ënner 40 km/h.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Medienzentrum vun Tata Motors Gearchiveerd op 2014-02-02. Gekuckt de(n) 2011-07-27.
  2. Artikel op DNA India
  3. Video Complément d'enquête ab Minutt 15: dem Guy an och dem Cyril Nègre hir Aussoe si bezeechnend
  4. Communiqué vu Catecar
  5. "Druckluft effizient" um Site vum Fraunhofer Institut
  6. Archive copy Gearchiveerd op 2012-06-17. Gekuckt de(n) 2011-06-21.
  7. [1]