Mount Stromlo Observatoire
|
Dat ausgebrannt Administratiounsgbai | |
| Typ | Organisatioun, astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Datum vum Bau | 1924 |
| Opgaangen | 1924 |
| Websäit | https://rsaa.anu.edu.au/observatories/mount-stromlo-observatory |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Australien |
| Regioun/Gemeng | Canberra |
| Koordinaten | 35°19'13"S, 149°0'25"O |
| Héicht | 770 m |
|
| |

De Mount Stromlo Observatoire (Mount Stromlo Observatory, MSO) ass ee vun den traditiounsräichsten astronomeschen Observatoirë vun der südlecher Hemisphär. E gëtt vun der Research School of Astronomy and Astrophysics vun der Australian National University bedriwwen a steet um 770 Meter héije Mount Stromlo, ongeféier 11 km westlech vun der australescher Haaptstad Canberra.
Den Observatoire gouf 1924 ufanks als Commonwealth Solar Observatory (CSO) gegrënnt. Scho vun 1911 u war do e fest installéierten Teleskop. De Kuppelbau iwwer dem Teleskop war dat éischt Gebai dat vun der Regierung am Australian Capital Territory gebaut gouf. Vun 1946 un, hunn do Mataarbechter a Studente vun der Australian National University gefuerscht. 1957 ass den Observatoire an de Besëtz vun där Universitéit iwwergaangen.
Andeems an den 1920er- an 1930er-Joren d'Sonnephysik am Zentrum vum Interessi stoung, haten nom Zweete Weltkrich d'Observatioun vu Stären a Galaxië Prioritéit. Dofir gouf 1953 e Spigelteleskop mat engem Haaptspigel vun 1,88 Meter Duerchmiesser opgeriicht, dee fir iwwer 20 Joer de gréissten Teleskop op der südlecher Hemisphär war. Well Liichtverschmotzung méi grouss gouf, ass 1965 de Siding Spring Observatoire als Nieweplaz vum MSO gegrënnt ginn. De Mount Stromlo ass awer de Sëtz vun der Research School of Astronomy and Astrophysics bliwwen an d'Teleskope blouwen och weiderhin a Betrib.
| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Den 18. Januar 2003 gouf den MSO duerch e Vegetatiounsbrand staark zerstéiert. Bal all d'Teleskopen, d'Atelieren an d'Gebaier ware verbrannt. Am Joer 2004 ass mam Neiopbau ugefaange ginn. Vill Gebaier hu missen ofgerappt ginn, awer dat historescht Gebai vum CSO konnt erhale ginn. Um Mount Stromlo sollen zwéi modern Teleskopen opgeriicht ginn, an am neien Advanced Instrumentation and Technology Centre sollen Instrumenter fir Groussteleskopen op der ganzer Welt entwéckelt a gebaut ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mount Stromlo Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
