Mummentaart
Ausgesinn
Eng Mummentaart oder Deckelstaart ass eng traditionell lëtzebuergesch Taart aus Knieddeeg, déi mat Äppel – déi mat Kanéil aromatiséiert sinn – a mat Rosénge beluecht ass. Iwwer d'Fëllung gëtt eng Lo Deeg (den „Deckel”) geluecht déi mat geschloenem Eegiel glaséiert a gebak gëtt. Ier se zerwéiert gëtt, kann nach Pudderzocker driwwer gestreet ginn.
Eng Variant vun der komplett zougedeckter Mummentaart ass fir just schmuel Sträifen Deeg iwwer d'Äppelfëllung ze leeën.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Äppeltaarten – Biller, Videoen oder Audiodateien |