Mundell Lowe

Vu Wikipedia
Mundell Lowe
Gebuertsnumm James Mundell Lowe
Gebuer 21. Abrëll 1922
Laurel
Gestuerwen 2. Dezember 2017
San Diego
Nationalitéit USA
Aktivitéit Komponist, Jazzgittarist, Museker, Instrumentalmuseker, Dirigent, Gittarist, Discographesche Kënschtler

De Mundell James Lowe, gebuer den 21. Abrëll 1922 zu Laurel, am Mississippi, a gestuerwen den 2. Dezember 2017 zu San Diego, war en US-amerikaneschen Jazzgittarist an Arrangeur, am Genre Swing an Hardbop.

De Mundell Lowe huet an der Mëtt vun den 1930er Jore mam Abbie Brunies a mam Pee Wee King zesumme gepillt. 1946–1947 huet hie mam Ray McKinley, 1947–1949 mam Dave Martin, an 1949 mam Ellis Larkins a mam Red Norvo zesummegeschafft. Tëscht 1950 an 1958 war hie Studiomuseker bei der NBC, ass awer och mam Charlie Parker (Bird Is Free, 1952), dem Sauter-Finegan Orchestra, mam Billy Taylor a mam Ruby Braff opgetrueden an hat zäitweis en eegent Quartett. Vun 1959 huet hien och Filmmuseke geschriwwen an als Arrangeur geschafft.

1961 huet hien um Album Carmen McRae Sings Lover Man and Other Billie Holiday Classics matgeschafft, an an den 1960er Joren um Benny Carter sengem Album Further Definitions. Och mam Jimmy Forrest an dem Quincy Jones sengem Orchester huet hie gespillt. 1972 huet hien d'Titelmusek vum Woody Allen sengem Everything you always wanted to know about sex (but were afraid to ask) geschriwwen.

An den 1980er- an 90er-Joren ass hie méi dacks, ënner anerem mat senger Fra Betty Bennett a senger Band Transitwest opgetrueden, ma och als Solist. 1990 huet hie mam André Previn e puer Placken opgeholl an 2000 koum d'Live-CD Mundell's Moods, zesumme mam Harmonikaspiller a Vibraphonist Hendrik Meurkens eraus.

Am Laf vu senger Karriär huet de Lowe ë. a. mam Steve Allen, Les Brown, Benny Goodman, Urbie Green, Johnny Guarnieri, Johnny Hodges, Bobby Jaspar, Richie Kamuca, Ray McKinley, Tony Scott, Billy Taylor, Mary Lou Williams a mat de Sängerinne Chris Connor, Billie Holiday, Lena Horne, Helen Humes, Carmen McRae, Sarah Vaughan an Dinah Washington gespillt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Als Leader[änneren | Quelltext änneren]

  • 1955: The Mundell Lowe Quartet (Riverside/OJC)
  • 1957: A Grand Night For Swinging (Riverside/OJC)
  • 1957: Blues For Tomorrow (Sampler mit Lowe, Eat Coast All Stars, Sonny Rollins, Bobby Jaspar, OJC)
  • 1959: Mundell Lowe & His All Stars: TV Action Jazz (Fresh Sound Rec.) mit Donald Byrd, Jimmy Cleveland, Herbie Mann, Tony Scott, Eddie Costa
  • 1977: Souvenirs (Jazz Alliance, 1977–1992)
  • 1989: Sweet 'n' Lovely (Fresh Sound Records) mit Tete Montoliu
  • 2000: Mundell's Moods (Nagel-Heyer)

Als Sideman (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Benny Carter: Further Definitions (Impulse!, 1961–1966)
  • Benny Carter: Live And Well in Japan (OJC, 1977)
  • Charlie Parker: The Legendary Rockland Palace Concert, Volume 1 (Jazz Classics, 1952)
  • André Previn: Uptown (1990), Old Friends (1991), Jazz At Musikverein (1995), Show Boat (1996) (Telarc)
  • Sarah Vaughan: After Hours (Roulette, 1961) mit George Duvivier
  • Ben Webster: The Soul Of Ben Webster (Verve, 1957–1958)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]