Musée Näerdener Gare

Vu Wikipedia
De Musée an der aler Gare zu Näerden

De Musée Näerdener Gare ass op Nummer 3 an der Rue Prince Henri (op der Gare) zu Näerden.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai an deem de Musée haut ënnerbruecht ass gouf 1880 als Gare vun der Atertlinn ageweit. D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Péiteng war bis 1967 resp. 1969 a Betrib[1]. Ugangs der 70er Jore krut déi al Gare e Postguichet amplaz, deen awer virun enger Rei Joren zougemaach huet.

De Musée huet 2014 seng Dieren offiziell opgemaach. Zanterhier ass et den éischte Musée am Land, deen der Geschicht vun der Eisebunn dediéiert ass.

De Musée[änneren | Quelltext änneren]

De rietse Sall vum Musée mat de Vitrinnen an der Maquette vun den 2 ale Garen

De Musée ass all Dag vu moies 8.00 bis owes 20.00 Auer op. Et huet ee just Accès an ee Raum, vun deem een iwwer Vitrinnen d'Vue op 3 aner Raim huet. An deem Sall fënnt een op Tableauen eng Rei Explikatiounen iwwer de Musée an dat wat do ausgestallt ass.

Op der lénkser Säit vum Haaptsall ass eng Rekonstruktioun vum Büro vum leschte Chef de Gare.

Hannert der zentraler Vitrinn gouf déi al Salle d'Attente vun der Dippecher Gare opgeriicht.

Op der rietser Säit sti Vitrinne mat alen Dokumenter an Objeten, déi d'Gemeng aus Donatioune vu Privatleit a vun de Frënn vun der Atertlinn zesummegedroen huet.

1989 huet e gebiertege Näerdener a pensionéierten Eisebunner, de Jean Weber, eng Maquette vun den 2 ale Garen a vum Duerfkär vun Näerden gebaut[2]. D'Maquette vum Duerfkär steet hanner der zentraler Vitrinn, déi aner hanner der rietser Fënsterchen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Aly Reuter, Die Luxemburger Eisenbahnen von 1850 bis heute. 60 Joer Pompjéën Näerden 1928-1988, 1988.
  • Ed Federmeyer. Schmalspurbahnen in Luxemburg, 1991

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Musée Näerdener Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 60 Joer Pompjéën Näerden, Die Luxembuger Eisebahn von 1850 bis heute, Die Wilhelm-Luxemburg-Bahn (WL), S.101
  2. 60 Joer Pompjéën Näerden, Aus Liebe zum Detail, Hobbys und Freizeitbeschäftigungen in Noerdingen, S.141