Op den Inhalt sprangen

Musée Picasso (Paräis)

Vu Wikipedia
Musée Picasso
Typ Konschtmusée, staatleche Musée
Lokalisatioun
Land Frankräich
Gemeng Paräis
Koordinaten 48°51'35,03"N, 2°21'44,78"O
Gestioun
Leedung Cécile Debray
Visiteuren/Joer 629.312 2019
Um Spaweck https://www.museepicassoparis.fr
Gebai
Architekt(en) Jean-François Bodin
Datum vum Bau 1985
Opgaangen 1985
Kollektioun
Exponater
Kaart
Lag vum Musée Picasso (Paräis)
De Musée Picasso zu Paräis

De Musée Picasso am 3. Arrondissement zu Paräis ass en nationale Musée an e gehéiert zu de bedeitendste Muséeë vu Paräis.

Am Musée sinn zirka 250 Wierker vum Kënschtler Pablo Picasso aus alle Periode vu sengem Liewen, virun allem Biller a Skulpturen, ausgestallt. Zu de Muséesbestänn gehéiert och déi fréier privat Konschtsammlung vum Picasso mat Biller vun ënner anerem dem Georges Braque, dem Paul Cézanne, dem Henri Matisse, dem Joan Miró an dem Amedeo Modigliani.

De Musée ass am Palais Hôtel Salé. Dëse Palais gouf an de Jore 1656-1659 fir de Pierre Aubert gebaut, deen d'Salzsteier agezunn huet. Vun do kënnt och den Numm Salé ("salzeg").

Commons: Musée Picasso, Paris – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.