Mëttelaltermaart
E Mëttelaltermaart ass e Maart mat Volleksfestcharakter an enger vum Mëttelalter inspiréierter Ambiance.
Op deene wéinegste Mëttelaltermäert geet et ëm e wierklech authentescht Nostelle vun engem Maart aus där vergaangener Epoch. Zwar sinn d'Maartleit an aner Matwierkend, wéi och en Deel vun de Visiteuren, a Kostümer gekleed déi mëttelalterlech wierken, mä déi meescht vermësche fantasievoll op d'mannst verschidden Elementer aus verschiddenen Epochen oder verschiddene Vëlker (et siefe just Gummissuelen oder Wikingerdrénkhare genannt) a just e puer beméie sech ëm an allen Hisiichte prezis rekonstruéiert Gezei.
Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]An Europa sinn d'Mëttelaltermäert Enn der 1980er Joren opkomm, mä eréischt an den 2000er Joren hu se eng allgemeng Popularitéit erreecht. Wann der am Joer 2004 an Däitschland eng 300 waren, sou ass déi Zuel bis 2010 op iwwer 1.000 geklommen[1].
Wueren an Ënnerhalung
[änneren | Quelltext änneren]Zum Verkaf gi gemenkerhand Konschthandwierkswueren, Esoterikprodukter, traditionell produzéiert Iesswueren, Liederwueren, Keramik, a méi oder manner trei Replike vu mëttelalterleche Waffen a Kostümer, ugebueden.
Op verschiddenen Evenementer kann een Handwierker nokucke wéi se hir Wuere produzéiren. Fir Animatioun ginn dacks Museksgruppen aus der Mëttelalterzeen engagéiert, heiansdo och Gaukler oder Schaukämpfer.
Et gëtt normalerweis och Stänn mat Iessen (meeschtens traditionelle Kascht) a Gedrénks (z. B. Met).
Mëttelaltermäert zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Déi bekanntst si wuel:
- Keel, den Dag viru Buergsonnden [1]
- Useldeng, uganks Juni
- Noumer, Enn Juli [2]
- Veianen, uganks August [3]
- Butschebuerg, éischt Hallschent September [4]
- Käerch, Mëtt September [5]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Marktkalendarium (Sich no Distanz zu Lëtzebuerg) (de)
- Mittelalterkalender (Sich no Bundesland) (de)
- Mediéval Online (fr)