NATO-Drot

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

NATO-Drot ass eng Zort pickegen Drot, deen absënns gebraucht gëtt, fir militäresch Installatiounen ofzesécheren.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Pickege Flaachdrot

Fir d'éischt Kéier ass deeës Drot am Éischte Weltkrich an Däitschland fabrizéiert ginn. Dobäi ass aus engem stole Band e Flaachdrot mat dräieckege Kreep erausgestanzt ginn. Déi Form gëtt et nach haut, se ass awer an Europa seelen ze fannen.

NATO-Drot zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Ofgesi vun de WSA-Terraine waren zu Lëtzebuerg NATO-Drotbarriäre ganz seelen. Dat huet sech no deenen éischte Bommeleeër-Attentater séier geännert.
Doropshi goufe strateegesch wichteg Infrastrukture wéi de Barrage Esch-Sauer a Senderpottoe mat deem Drot ofgespaart.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NATO-Drot – Biller, Videoen oder Audiodateien