NGC 1141

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) NGC 1143)
NGC 1141
Foto vun der interaktiver Galaxiëkoppel Arp 118, déi aus NGC 1141 (riets, uewen) an NGC 1144 (lénks, ënnen) besteet, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Cetus (Cet)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 02h 55m 09,7s
Deklinatioun - 00° 10' 41"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz S0 pec (Ceinture A)
Wénkelduerchmiesser 0,9' × 0,7'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 110 Mio
Geschicht
Entdecker Albert Marth 1864
Édouard Jean-Marie Stephan 1876
Entdeckungsdatum 5. Oktober 1864
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
Arp 118
CGCG 389-46
MCG +0-8-47
NGC 1141 / 1143
PGC 11007
UGC 2388
VV 331b

Den NGC 1141 (NGC 1143) ass eng lënsefërmeg Galaxis am Stärebild Cetus, déi am New General Catalogue verzeechent ass. D'Galaxis gouf am Joer 1864 vum däitschen Astronom Albert Marth mat engem Spigelteleskop mat engem Spigel vun 122 cm Duerchmiesser entdeckt an onofhängeg dovun nees am Joer 1876 vum franséischen Astronom Edouard Stephan mat engem 80 cm Teleskop. Bei der Opstellung vum NGC gouf net erkannt, datt béid Observatiounen déi selwecht Galaxis betreffen. Dofir ass déi éischt Observatioun ënner der Nummer 1141 verzeechent an déi spéider ënner der Nummer 1143.[1]

D'Galaxis NGC 1141 interagéiert hefteg mat Galaxis NGC 1144 déi nëmmen 20 kpc wäit ewech läit a bewierkt bei där eng besonnesch Kinematik, déi zu enger verzerrter Spiralstruktur féiert. Déi interaktiv Galaxië sinn am Atlas of Peculiar Galaxies (Arp) opgefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NGC/IC Projet