Najoua Belyzel

Vu Wikipedia
Najoua Belyzel
Gebuertsnumm Najoua Mazouri
Gebuer 15. Dezember 1981
Nanzeg
Nationalitéit Frankräich, Marokko
Educatioun Université de Lorraine,
Universitéit vun Nanzeg
Aktivitéit Sänger, Discographesche Kënschtler
D'Najoua Belyzel

D'Najoua Belyzel, gebuer de 15. Dezember 1981 zu Nanzeg als Najoua Mazouri, ass eng franséisch Pop-Sängerin.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Najoua Belyzel ass dat véiert Kand vun engem marokkanesche Papp an enger egyptescher Mamm an huet hir Kandheet mat hiren dräi grousse Schwësteren an hiren zwéi klenge Bridder zu Nanzeg a Loutrengen verbruecht. Mat 17 Joer mécht si do hire Baccalauréat économique et social a studéiert Droit op der Université de Nancy. Nodeem si hire Studium ofgeschloss huet, geet si op Paräis fir eng Karriär am Museksgeschäft unzefänken, an gewënnt direkt e Casting fir Member am Grupp Benoît ze ginn. Déi Grupp hëlt zwou Singelen op, Tourne-toi Benoît (16. an de franséische Single Charts) a Casanova (79).

2005 bréngt d'Najoua Balyzel hir éischt Solosingle eraus: Gabriel gëtt e groussen Erfolleg, an erreecht d'Top Ten a Frankräich, der Belsch, Russland an am Québec. Aus hirem éischten Album Entre deux mondes, och nach bekannt als Entre deux mondes... En équilibre, ginn nach zwou aner Singelen ausgekoppelt: Je ferme les yeux a Comme toi.

Am September 2007 bréngt si Quand revient l'été, déi éischt Single vun hirem zweeten Album eraus. Obwuel déi Single d'Top Ten a Frankräich erreecht, gëtt d'Verëffentlechung vum Album Moderato Cantablie annuléiert.

Eréischt am Mäerz 2009 mellt sech d'Sängerin zeréck mat engem neie Lidd, La bienvenue. Hiren zweeten Album Au féminin kennt schlussendlech am November 2009 eraus, nodeem d'Verëffentlechung dräi Joer laang ëmmer erëm zeréckgesat gouf. Op dem Album fënnt een ënner anerem en Duo mam Marc Lavoine an op der limitéierter Editioun eng Coverversioun vun der Marie Laforêt hirem Lidd Viens, Viens.

Zënter 2014 huet d'Najoua Belyzel nach e puer Lidder an een Album verëffentlecht, vun deenen der awer keen e kommerziellen Erfolleg waren.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Chartpositioun
Frankräich Belsch Schwäiz
2006 Entre deux mondes...[1] 7 9 46
2009 Au féminin[2] 66 - -
2019 Rendez-vous... De la lune au soleil - - -

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Single Chartpositioun Album
Frankräich[3] Belsch[4] Schwäiz[5] Québec Russland[6] Däitschland
2005 Gabriel 3 1 20 1 8 62 Entre deux mondes... En équilibre
2006 Je ferme les yeux 13 21 90 5 116
Comme toi 16 37 92 135
2007 Quand revient l'été 10 25 Au Féminin
2009 La bienvenue 9
M (Hey hey hey) 20
2010 Ma Sainte Nitouche
2014 Rendez-vous 186 Rendez-vous... De la lune au soleil
2014 Que sont-ils devenus? -
2015 Luna Rendez-vous... De la lune au soleil
2018 Cheveux aux vents
2019 Tu me laisses aller
2019 Curiosa
2020 Le con qui s'adore

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lescharts.com: Entre Deux Mondes...
  2. lescharts.com: Au Féminin
  3. lescharts.com
  4. ultratop.be
  5. hitparade.ch
  6. tophit.ru

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]