Nathalie Jacoby

Vu Wikipedia
Nathalie Jacoby
Gebuer 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Literaturwëssenschaftler, Lycéesprofesser
Famill
Papp Lex Jacoby

D'Nathalie Jacoby, gebuer 1969, ass eng lëtzebeurgesch Literaturwëssenschaftlerin. Zanter 2020 ass si d'Direktesch vum Centre national de littérature (CNL).

Si huet Germanistik an Anglistik op der Albert-Ludwigs-Universität zu Freiburg studéiert an 2000 an de Fachberäicher Germanistik, Publikatiounen iwwer d'Literaturdidaktik an iwwer zäitgenëssesch lëtzebuergesch Literatur promovéiert.

1996 war si Gaaschtdozentin ë. a. op der Universitéit vu KwaZulu-Natal a Südafrika. Dono war si Chefredaktesch vum Radio Antenna Audio zu London. Vun 2012 un, war si Professesch am Lycée Ermesinde a vun 2015 un, wëssenschaftlech Mataarbechterin beim CNL.[1]

D'Nathalie Jacoby ass d'Duechter vum Lex Jacoby.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nomination de Nathalie Jacoby au poste de directrice du Centre national de littérature." Communiqué op gouvernement.lu, 23.09.2020.
  2. "Nathalie Jacoby wird neue Direktorin des Nationalen Literaturzentrums." wort.lu, 23.09.2020.