Lycée Ermesinde
De Lycée Ermesinde Miersch (LEM) ass eng lëtzebuergesch Secondaireschoul, déi am September 2005 an der Stad Lëtzebuerg zu Hollerech, ënner der Bezeechnung Neie Lycée, hir Dieren opgemaach huet. Am Joer 2010 huet de Lycée déi provisoresch Container zu Hollerech verlooss an ass an nei Gebaier zu Biereng bei Miersch geplënnert.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Lycée gouf duerch e Gesetz vum 25. Juli 2005 portant création d'un lycée-pilote gegrënnt[1]. Seng Organisatioun gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 10. August 2005 festgeluecht[2].
E krut den Numm Neie Lycée well et deemools nach eng Pilot-Schoul war, déi an enger Testphase war. E sollt awer och zum Ausdrock bréngen, datt et eng Schoul ass, déi en anere System huet wéi déi aner Schoulen zu Lëtzebuerg. Notamment ass den Neie Lycée eng Ganzdagsschoul.
Wéi d'Schoul opgoung gouf et just Septième-Klassen. Am Joer 2006 hat se 260 Schüler. Fir d'Rentrée 2007 koume 6ème- a 5ème-Klassen derbäi. Vum Schouljoer 2009/2010 gouf mat der 3e schrëttweis och den ieweschten Zyklus vum Secondaire ugebueden. Déi éischt Schüler hunn am Joer 2012 hire Premièresexamen do gemaach.
Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 24. Februar 2012 krut d'Schoul den Numm Lycée Ermesinde.[3]
Direkter[änneren | Quelltext änneren]
- zanter 2005: Jeannot Medinger
Fächer déi geléiert ginn[änneren | Quelltext änneren]
Branches disciplinaires[änneren | Quelltext änneren]
Branches interdisciplinaires[änneren | Quelltext änneren]
- Art et société,
- Sciences et techniques,
- Sport et santé
- Éducation aux valeurs.
Eemol an der Woch ass Tutorat, do soen d'Schüler engem Tuteur oder enger Tutrice, wat si an der Woch gemaach hunn.
Entreprisen[änneren | Quelltext änneren]
Am Lycée gëtt et 11 Entreprisen:
- Cusine (Cafétéria, Catering, Restaurant)
- Film & Photo (Reportage, Dokumentation, Fiktion, Filmproduktion, Marketing)
- Langues & Cultures (Bibliotheik, Edition, Redaktion, Philo-grec, Chineesesch, Geschicht)
- Nature & Terroir (Natur, Ouebstgaert, Gäert)
- Arts & Métiers (Konscht, Architektur, Schreinerei, Molerei, Bitzen, Keramik)
- Spectacle (Zirkus, Sport, Theater an Danz, Musik an Performance)
- GMC (Gestion-Marketing-Commerce)
- Internat
- Orientation (Universitäiten, Beruffer)
- Sciences
- Sport
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- D'Websäit vum Lycée Ermesinde.
- D'Gesetz iwwer d'Kreatioun vum Neie Lycée (Loi du 25 juillet 2005 portant création d'un lycée-pilote.)
- D'Groussherzoglecht Reglement iwwer de Fonctionnement vum Neie Lycée (Règlement grand-ducal du 10 août 2005 relatif au fonctionnement du lycée-pilote.)
- Neue Freiheit im Container (archivéiert) D'Land vum 23. Dezember 2005.