Nationalen Dictéesconcours
Den nationalen Dictéesconcours gouf am Joer 1996 vum Lycée technique des arts et métiers am Kader vu sengem 100. Gebuertsdag a vum Programm "Apprendre toute la vie" lancéiert[1] a gëtt zanterhier all Joer organiséiert.
D'Diktater ginn an den dräi Sprooche Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch ofgehalen. An der Editioun 2018 war och fir d'éischt Kéier en Diktat op Englesch derbäi. D'Texter gi vu Sproocheprofesseren oder Schrëftsteller preparéiert an diktéiert.
Zanter 2005 gëtt dat nationaalt Diktat vum LAM an Zesummenaarbecht mat RTL Radio Lëtzebuerg am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ofgehalen. D'Leit kënne sech umellen, fir op der Plaz op de Walfer Bicherdeeg matzemaachen, oder doheem iwwer de Radio deelhuelen. D'Opléisung gëtt um Internet publizéiert.
Editiounen
[änneren | Quelltext änneren]Editioun | Auteur vum Lb-Text | Titel/Theema a Link op den Lb-Text |
---|---|---|
26 - 2022 | Luc Martling | De pensionéierten Diktator |
25 - 2021 | ||
24 - 2019 | Jemp Schuster | Diktat 2019 |
23 - 2018 | Jemp Schuster | Diktat 2018 |
22 - 2017 | Jemp Schuster | Diktat 2017 |
21 - 2016 | Jemp Schuster | Diktat 2016 |
20 - 2015 | Jemp Schuster | Diktat 2015 |
19 - 2014 | Jemp Schuster | Vu Feierdeeg a Feierlechkeeten. |
18 - 2013 | Jemp Schuster | RTL Diktat 2013 |
17 - 2012 | Jemp Schuster | Philosophesch Gedanken |
16 - 2011 | Jemp Schuster | Maach mer kee V fir en F vir |
15 - 2010 | Jemp Schuster | Musek |
14 - 2009 | Jemp Schuster | Zëssilendag |
13 - 2008 | Jemp Schuster | Sport ass kee Spaass |
12 - 2007 | ? | Dem Superjhemp säin 20. Gebuertsdag |
11 - 2006 | Jemp Schuster | Dat lëtzebuergescht Diktat |
10 - 2005 | Jemp Schuster | Den Tour de France |