Nationalpark Plitvicer Séien

Vu Wikipedia

Den Nationalpark Plitvicer Séien [ˈplitʋitsɛr] (Kroatesch: Nacionalni park Plitvička jezera), ass dee flächeméisseg gréissten Nationalpark a Kroatien an deen eelsten Nationalpark a Südosteuropa. E gouf 1949 gegrënnt a läit an der hiwwelger Karstregioun an Zentralkroatien, net wäit ewech vun der Grenz mat Bosnien an Herzegowina. En ass 296,85 Quadratkilometer grouss.

D'Plitvicer Séie goufen 1979 als eent vun den éischten Naturmonumenter vun der Welt op d'Lëscht vun der UNESCO-Weltnaturierwen opgeholl.

Charakteristesch sinn d'Séien, déi wéi Kaskaden anenee lafen, a vun deenen et der 16 ginn. Ronn eng Millioun Leit besichen all Joers den Nationalpark.

Wéinst ënnerschiddleche klimateschen Aflëss, a wéinst de groussen Héichtenënnerscheeder, gëtt et eng aussergewéinlech diversifizéiert Flora a Fauna, dorënner och eng Rëtsch endeemesch Aarten.

Verschidden Szeenen aus de Karl-May-Verfilmungen aus den 1960er Jore goufe bei de Plitvicer Séie gedréint.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mato Njavro (Red.): Plitvicer Seen, Turistička naklada d.o.o., Zagreb 2005, ISBN 953-215-212-1 (deutsch)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plitvice Lakes National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien