Nazca-Linnen

Vu Wikipedia

D'Nazca-Linne sinn eng Rëtsch antik Geoglyphen an der Nazca-Wüst, am südleche Peru. D'Nazca-Wüst ass en dréchenen Héichplateau vun enger Längt vu ronn 80 km tëscht de Stied Nazca a Palpa. Et gëtt ugeholl, datt d'Zeechnungen ongeféier tëscht 500 v. Chr. a 500 n. Chr. entstane sinn. Si sinn zimmlech komplex: Honnerte sinn einfach schnouerriicht Linnen oder geometresch Figuren; iwwer 70 sinn zoomorph Representatioune vun Déieren, wéi Vigel, Fësch, Lamaen, Jaguaren oder Afen; verschiddener hunn och mënschlech Zich. Aner Zeechnungen hunn d'Form vu Planzen (Beem oder Blummen).

D'Zeechnunge sinn doduerch entstanen, datt déi roudelzeg Kiselsteng eng 15 cm déif vum Buedem ewechgeholl goufen, sou datt dee méi helle Buedem ënnendrënner zum Virschäin koum. Déi gréisst Figure sinn eng 300 Meter laang. Bis ewell konnt weeder vun Archeologen, Anthropologen nach Ethnologen eendeiteg bestëmmt ginn, wat déi Zeechnunge bezwecke sollten, oder fir wat se gutt waren. Et gëtt meeschtens ugeholl, dass s'eng reliéis Bedeitung haten. Aner Theese gi vun astronomesche Repèren iwwer Fruchtbarkeetsriten, bis hin zu Kommunikatiounsversich mat Ausserierdeschen.

Et kann een d'Zeechnunge vun den Hiwwele ronderëm gesinn (an net nëmmen, wéi heiansdo behaapt,aus der Loft).

Si goufen 1994 vun der UNESCO als Kultur-Weltierwen ausgeruff.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Aveni, Anthony F. (ed.) (1990). The Lines of Nazca. Philadelphia: American Philosophical Society. ISBN 0-87169-183-3
  • Haughton, Brian. (2007). Hidden History: Lost Civilizations, Secret Knowledge, and Ancient Mysteries. Career Press. ISBN 1-56414-897-1
  • Lambers, Karsten (2006). The Geoglyphs of Palpa, Peru: Documentation, Analysis, and Interpretation. Lindensoft Verlag, Aichwald/Germany. ISBN 3-929290-32-4
  • Reinhard, Johan (1996) (6th ed.) The Nazca Lines: A New Perspective on their Origin and Meaning. Lima: Los Pinos. ISBN 84-89291-17-9
  • Sauerbier, Martin. GIS-based Management and Analysis of the Geoglyphs in the Palpa Region. ETH (2009).
  • Stierlin, Henri (1983). La Clé du Mystère. Paris: Albin Michel. ISBN 2-226-01864-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nazca lines – Biller, Videoen oder Audiodateien