Nembrotha cristata

Vu Wikipedia
Nembrotha cristata
vun uewen

vun uewen
vun uewen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Mollusken
Klass: Gastropoda
Ënnerklass Prosobranchia
Uerdnung: Caenogastropoda
Iwwerfamill: Polyceroidea
Famill: Polyceridae
Ënnerfamill: Nembrothinae
Gattung: Nembrotha
Wëssenschaftlechen Numm
'Nembrotha cristata'
Bergh, 1877

Nembrotha cristata ass eng Aart vu Schleeken ouni Haischen, déi ënner dem Waasser am Mier liewen. Si sinn aus der Famill vun de Polyceridae.

Si gi bis zu 5 cm laang, a si schwaarz mat grénge Knubbelen. Och d'Ränner vun de Rhinophoren an de Kime si gréng.

Den Nembrotha cristata lieft op Fielsen a Koralleriffer am tropeschen Indo-Pazifeschen Ozean, an enger Déift tëscht 3 an 20 Meter. En erniert sech vun Ascidiacea an heiansdo vu Jelliskäpp.

Si kënne bis zu engem Joer al ginn a sinn Hermaphroditen. D'Eeër leeë s'an engem Bandmuster an de Sand.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nembrotha cristata – Biller, Videoen oder Audiodateien
vun der Säit