Neophyten

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De geféierlechen Neophyt Risebiereklo mécht sengem Numm all Éier

Neophyten (Griichesch: "neos" = nei; "phyton" = Planz; Eenzuel: Neophyt, Plural: Neophyta (lat.) oder Neophyten) si Planzen, déi bewosst oder unbewosst, direkt oder indirekt vum Mënsch no 1492, dem Joer vun der Rees vum Christoph Kolumbus an Amerika, a Gebidder agefouert goufen, an deene si vun Natur aus net virkomm sinn. Neophyte gehéiere mat den Neozoen an den Neomyceten zu den Neobiota. Am Géigesaz zu den Neophyte sinn Archeophyten Planzen, déi viru 1492 agefouert goufen.

Beispiller vun Neophyten zu Lëtzebuerg
Päiperlekstrausch
Buddleja davidii Franch.
Japanescht Knuetkraut
Fallopia japonica (Houtt.) Ronse Decr.
Sachalin-Knuetkraut, russescht Knuetkraut
Fallopia sachalinensis (F. Schmidt Petrop.) Ronse Decr.
Topinambur, Russesch Gromper, Ierdapel
Helianthus tuberosus L.
Risebiereklo
Heracleum mantegazzianum Somm. et Lev.
Drüse-Sprangkraut, indescht S., indescht Balsëmin
Impatiens glandulifera Royle
Spéit Drauwekiischt
Prunus serotina Ehrh.
Schäinakazi, Akazia, Gewéinlech Robinie
Robinia pseudoacacia L.
Kanadesch Goldrutt, K. Péiterstaf
Solidago canadensis L.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]