Neozoen
Ausgesinn
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Neozoen (Griichesch: "neos" = nei; "zoon" = Liewewiesen; Eenzuel: Neozoon, Plural: Neozoa (lat.) oder Neozoen) sinn Déieren, déi bewosst oder onbewosst, direkt oder indirekt vum Mënsch no 1492, dem Joer vun der Rees vum Christoph Kolumbus an Amerika, a Gebidder agefouert goufen, an deene si vun Natur aus net virkomm sinn. Neozoe gehéiere mat den Neophyten an den Neomyceten zu den Neobiota.
Beispiller vun Neozoen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Asiatescht Himmelsdéierchen – Harmonia axyridis (Pallas, 1773)
- Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax – Vespa velutina nigrithorax (du Buysson, 1905)
- Bisamrat – Ondatra zibethicus (Linnaeus, 1766)
- Europäesche Mouflon / Muffel(-schof) – Ovis orientalis musimon (Pallas, 1811)
- Nilgäns – Alopochen aegyptiaca (Linnaeus, 1766)
- Marderhond – Nyctereutes procyonoides (Gray, 1834)
- Wäschbier – Procyon lotor (Linnaeus, 1758)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Neozoen zu Lëtzebuerg, um Portal neobiota.lu vum Naturmusée (en)