Nic Bodry
Ausgesinn
Nic Bodry | |
---|---|
Gebuer |
7. November 1905 Diddeleng |
Gestuerwen |
13. Juli 1949 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Leeëndecker, Cafetier |
Member vun | US Diddeleng |
Den Nicolas "Nic" Bodry, gebuer de 7. November 1905 zu Diddeleng an do den 13. Juli 1949 gestuerwen[1],[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (LSAP) a Gewerkschaftler (LAV).
Den Nic Bodry war Daachdeckermeeschter a Cafetier vu Beruff.[3] Hien ass am Abrëll 1948 an den Diddelenger Gemengerot fir de stënterlech verstuerwenen Eugène Conrad nogeréckelt.[1] Ma en déckt Joer méi spéit ass de Bodry selwer, am Alter vun 43 Joer, nach wärend sengem Mandat verscheet.
Hie war Comitésmember vun der US Diddeleng a vum Turnveräin Union, a war President vun der Museksgesellschaft Concordia.[1]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Diddeleng eng Strooss no him genannt.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Nicolas BODRY †. In: Escher Tageblatt, 1949. Jg., nº 164 (19.07.1949), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Den Nicolas Bodry op luxracines.lu
- ↑ Doudesannonce. In: Escher Tageblatt, 1949. Jg., nº 161 (15.07.1949), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ L-3426.