Nico Reisdorff

Vu Wikipedia
Nico Reisdorff
Gebuer 16. Oktober 1958
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Nico Reisdorff, gebuer de 16. Oktober 1958 war an der sougenannter Waldbëlleger Affär ee vun den Haaptschëllegen.

Hie gouf den 8. Mee 1989 grad sou wéi déi aner Haaptschëlleg Bernardy, Hertert a Fett zu liewenslaangem Prisong verurteelt, wéinst Muerd a Bäihëllef zum Muerd an aner Delikter. Zu Schraasseg souz de Reisdorff 39 Méint[1] an enger Isolatiounszell, wat Amnesty International dozou bruecht huet, fir 1992 de Justizminister unzeschreiwen, datt déi Zoustänn géint d'Mënscherechtscharta verstoussen.

Hien huet am Prisong eng Léier fir Buchbënner gemaach.

Zanterhier schreift de Reisdorff seng Autobiographie, eng Liewensbeicht an där hien op e Liewen zeréckkuckt, dat vu Giwenech bis an de Schraasseger Prisong gefouert huet.

  • Erziehung zum Wahnsinn, vu Ghostwritere geschriwwen 2001
  • Lebenslänglich, 2007, verbessert vun Éditions Revue

Literatur

Zitat

  • Der Reiche ist jeden Tag gut und kümmert sich einen Dreck um den Armen. Der Reiche erleichtert sein Gewissen indem er sich beim Roten Kreuz engagiert. Eine kleine Spende und man hat sein Gewissen etwas erleichtert.[2]

Um Spaweck

Referenzen

  1. http://www.amnesty.org/fr/library/asset/EUR32/001/1992/fr/ab27483d-ed8e-11dd-95f6-0b268ecef84f/eur320011992fr.html Rapport vun Amnesty International
  2. Aus engem Lieserbréif un d'Stëmm vun der Strooss.