Nicolae Ceaușescu

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nicolae Ceaușescu
Nicolae Ceaușescu.jpg
Gebuer 26. Januar 1918
Gestuerwen 25. Dezember 1989
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolae Ceaușescu [nikoˈla.e tʃau̯ˈʃesku], gebuer de 26. Januar 1918 zu Scornicești a gestuerwen de 25. Dezember 1989 zu Târgoviște duerch en Exekutiounskommando, war e rumänesche Politiker.

Hie war vun 1965 bis 1989 Generalsekretär vun der Rumänescher Kommunistescher Partei (KPR), Staatspresident a President vum Staatsrot, an domat den neostalinisteschen Diktator vun der Sozialistescher Republik Rumänien.

Hien hat just eng Ausbildung als Schouster, huet sech awer an der KP Stéck fir Stéck no uewe geschafft.

1965 ass de Gheorghe Gheorghiu-Dej gestuerwen, an den Ceaușescu gouf bis 1967 säin Nofolger an allen Ämter.

Am Ufank war hien zimlech populär, souwuel a Rumänien, wéi och am Westen, well en de Muechtusproch vun der Sowjetunioun an den Ostblock-Länner a Fro gestallt huet, an als eenzegt Land vun deem Block beim Nidderschloe vum Prager Fréijoer, am August 1968, net matgemaach huet. Hien huet Staatsbesich am Weste gemaach z. B. an d'USA, Westdäitschland an ë. a. och op Lëtzebuerg.

An den 1970er Joren huet hien ëmmer méi e Persounekult ronderëm sech opféiere gelooss. Hien huet sech selwer Conducător ("Guide") genannt, an a Gedichtsbänn vun Hafflyriker huet hie sech mat geblimmelten Titele wéi Grousse Kommandant, Titan ënner den Titanen, glorräich Eech vun Scornicești, Jong vun der Sonn, den Auserwielten oder eisen ierdesche Gott ëmgaachele gelooss. Déi haut nach bekanntst ass Genie aus de Karpaten.

Hien huet ëmmer méi Familljememberen an héich Ämter ronderëm sech placéiert, fir kenge Géigner eng Chance ze ginn, an och seng Fra Elena, déi e groussen Afloss op hien hat, gouf an de Persounekult mat abezunn, an als Mamm vun der Natioun oder "kéng Wëssenschaftlerin a Fuerscherin, mat internationaler Unerkennung op der ganzer Äerdklatz“ am Domaine vun der Chimie an de Polymeren apostrophéiert. Och Doktertitelen an akademesch Grade goufen hir op Mooss zougegeschnidden.

Den Nicolae Ceaușescu wollt, datt d'Bevëlkerung bannent e puer Joerzéngten ëm 10 Millioune wuesse sollt. Dofir huet hien d'Zil ginn, datt all Famill 5 Kanner sollt hunn. Opklärung an Empfängnesverhiddung ware verbueden, op Ofdreiwung stoungen héich Prisongsstrofen. Honnertdausende vu Kanner si sou a Kannerheemer oder op der Strooss gelant, well hir Famillen se net duerchfiddere konnten.

Hien huet an den 1980er Joren Deeler vun der mëttelalterlecher Alstad vu Bukarest ofrappe gelooss, fir e gigantomanesche Palais mat engem Opmarschboulevard virdrun opriichten ze loossen, an huet ënner der Stad Tunnelle gruewe gelooss, fir datt d'Securitate, déi gefaart Geheimpolice, onerwaart doruechter opdauche kéint. Hien huet och ganz Dierfer zerstéiere gelooss, fir d'Baueren a prefabrizéiert Bëtongsbléck ëmzesidelen.

Wéi e fréiere Geheimpolice-Chef an d'USA iwwergelaf ass, an do ausgepaakt huet, datt Rumänien géif mat arabeschen Terrororganisatiounen an Drogebossen zesummeschaffen, gouf Rumänien ëmmer méi isoléiert, an d'Wirtschaft huet sech verschlechtert.

Um Enn vun den 1980er Joren huet et un allem gefeelt (net zulescht och, well vill Agrarprodukter exportéiert goufen, fir un Devisen ze kommen, während d'Leit Honger gelidden hunn), de Stroum gouf rationéiert, an d'Industrie huet um leschte Lach gepaff.

Vum Michail Gorbatschow senger Perestroika-Politik wollt den Ceaușescu logescherweis näischt wëssen, a sou hu souguer fréier iwwerzeegt Parteigänger sech vun him distanzéiert.

De 16. Dezember 1989 koum et zu enger Revolt am westrumäneschen Timișoara, bei där et eng ganz Rëtsch Doudeger gouf. Den Ceaușescu huet bis zulescht d'Zeeche vun der Zäit net erkannt. Berühmt sinn déi Biller, déi live op der Tëlee iwwerdroe goufen, wéi en den 21. Dezember virun 100.000 Leit eng Ried gehalen huet, déi op eemol ugefaangen hunn, en auszepäifen an ze -buen.

Den Dag drop wollt e mat senger Fra ausser Land fortlafen, se goufen awer vun Zaldote vun der Arméi, déi zu de Géigner iwwergetruede war, gefaangegeholl. Se kruten de kuerze Prozess gemaach a goufe vun engem Militärgeriicht zum Doud veruerteelt. Gläich drop gouf d'Koppel duerch en Exekutiounskommando higeriicht. De "Prozess" an d'Läichen vun deenen zwee goufe gefilmt an op der Tëlee gewisen, datt keen Zweifel opkomme sollt, datt d'Ära Ceaușescu definitiv eriwwer war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pacepa, Ion Mihai: Red Horizons: Chronicles of a Communist Spy Chief; 1986; ISBN 0-89526-570-2;
    Reprint: Red Horizons: The True Story of Nicolae and Elena Ceausescus' Crimes, Lifestyle, and Corruption; Regnery Publishing, 1990; ISBN 0-89526-746-2
  • Rau, Milo (Hg.): Die letzten Tage der Ceausescus. Dokumente, Materialien, Theorie; Berlin 2010; ISBN 978-3-940426-45-1
  • Ursprung, Daniel: Herrschaftslegitimation in der rumänischen Geschichte. Repräsentation und Inszenierung von Herrschaft in der rumänischen Geschichte in der Vormoderne und bei Ceaușescu; Heidelberg, Kronstadt 2007; ISBN 978-3-929848-49-6
  • Cioroianu, Adrian: Ce Ceaușescu qui hante les Roumains. Le mythe, les représentations et le culte du dirigeant dans la Roumanie communiste; Bucarest 2004, 2nd édition 2005; ISBN 973-669-099-7
  • Gabanyi, Anneli Ute: The Ceaușescu cult. Propaganda and power policy in communist Romania; Bucharest 2000; ISBN 973-577-280-9
  • Olschewski, Malte: Der Conducator Nicolae Ceaușescu: Phänomen der Macht; Wien 1990; ISBN 3-8000-3370-4
  • Câmpeanu, Pavel: Ceaușescu: the countdown; Boulder, New York 2003 (=East European monographs, 626) ISBN 0-88033-524-6
  • Bois, Pierre du: Ceaușescu au pouvoir. Enquête sur une ascension; Genève 2004; ISBN 2-8257-0878-X
  • Deletant, Dennis: Ceaușescu and the securitate. Coercion and dissent in Romania, 1965-1989 London 1995; ISBN 1-85065-267-8
  • Fischer, Mary Ellen: Nicolae Ceaușescu. A study in political leadership Boulder, London 1989; ISBN 0-931477-83-2
  • Gilberg, Trond: Nationalism and Communism in Romania. The rise and fall of Ceaușescu's personal dictatorship Boulder, San Francisco, Oxford 1990; ISBN 0-8133-7497-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolae Ceaușescu – Biller, Videoen oder Audiodateien