Op den Inhalt sprangen

Nicolas Schaeftgen

Vu Wikipedia
Nicolas Schaeftgen
Gebuer 2. September 1879
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 22. Januar 1950
Esch-Uelzecht
Alter 70 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Zürich,
Athénée de Luxembourg
Aktivitéit Dokter
Fonctioun President vum Collège médical
Member vun Collège médical
Auszeechnungen Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Erënnerungsplack un den Dr. Schaeftgen an der Entrée vum Escher Spidol.

Den Nicolas Schaeftgen, gebuer den 2. September 1879 zu Esch-Uelzecht, an och do den 22. Januar 1950 gestuerwen,[1] war e lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.[2]

No sengem Secondaire am Iechternacher an am Stater Kolléisch huet hien zu Stroossbuerg, Zürich a Berlin Medezin studéiert. 1905 huet hie sech als Dokter a senger Heemechtsstad etabléiert.

Praktesch vun Ufank un huet hie sech derfir agesat, datt Esch sollt e kommunaalt Spidol kréien. Et sollt bis de 15. Mäerz 1930 daueren, ier d'Escher Spidol konnt ageweit ginn. Hie gouf Member vum Verwaltungsrot, war vun 1935 bis 1948 Sekretär an duerno – als Nofollger vum Interimspresident Victor Schroeder – vun 1948 bis zu sengem Doud President vum Collège médical[3].

Den Nicolas Schaeftgen war vum 2. Juli 1912 bis de 6. Mäerz 1915 Member vum Escher Gemengerot.

Gielercher an Éierungen

[änneren | Quelltext änneren]

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 7. Mäerz 1952 decidéiert, eng Cité, d'Cité Dr. Nicolas Schaeftgen, no him ze nennen.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Le Collège Médical 1818-1968, Broschür vum Collège médical fir den 150. Anniversaire S. 67-68. Gekuckt de 06.02.2026.
  2. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "Die Beisetzung von Dr. Schaeftgen.". In: Escher Tageblatt, 1950. Jg., nº 21 (26.01.1950), p. 6. Digitised by the National Library of Luxembourg.
  3. (fr) Broschür vum Collège médical fir den 200. Anniversaire (1818 – 2018) (PDF) S. 9. collegemedical.lu (2018). Gekuckt de 04.02.2026.
  4. (fr) Ordre de la Couronne de Chêne. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 4. Luxemburger Wort (15.02.1950). Gekuckt de 06.02.2026.
  5. Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.208-209.