Nicolas Thill (Deputéierten)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Deputéierten Nicolas Thill. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Thill. |
Nicolas Thill | |
---|---|
Gebuer |
12. Juni 1909 Fiels |
Gestuerwen |
17. Mee 1989 Gréiwemaacher |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Apdikter, Politiker |
De Pierre Georges Édouard Louis Nicolas Thill, gebuer den 12. Juni[1] 1909 an der Fiels[2] a gestuerwen de 17. Mee 1989 zu Gréiwemaacher[1], war e lëtzebuergeschen Apdikter[3] a Politiker.
Hien huet vun 1930 bis 1936 d'Apdikt vu Gréiwemaacher als 'Provisor' geleet ier hien op Réimech geplënnert ass.[3]
1945 gouf hien zu Réimech an de Gemengerot gewielt an hie war do vun 1952 bis 1963 Buergermeeschter.[4]
Hie gouf och 1945 als Deputéierte gewielt an ass dat bis 1959 bliwwen.[4]
Den Deputéierte Jean-Pierre Urwald war säi Schwoer.[4]
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1956)[5]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1555s.
- ↑ Luxroots.
- ↑ 3,0 3,1 Lëscht vun den Apdikter vu Gréiwemaacher
- ↑ 4,0 4,1 4,2 Noruff op den Nicolas Thill an der 84 Sëtzung vun der Chamber den 23. Mee 1989
- ↑ Memorial A N°10 vun 1956 mat der Lëscht vun de Leit déi eng Auszeechnung am Ordre de la couronne de chêne kruten Archivéiert de(n) 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2014-11-02.