Nojemer Bierg

Vu Wikipedia
Nojemer Bierg
An anere Sproochen fr: Nagemerberg
de: Nagemerberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden op der Atert
Gemeng Réiden op der Atert
Buergermeeschter Henri Gerekens
Koordinaten 49°47'37,8"N, 5°50'48,6"O

Den Nojemer Bierg ass e Lieu-dit um Bierg mam selwechten Numm an der Gemeng Réiden op der Atert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Nojemer Bierg läit ongeféier ee Kilometer nordwestlech vun Nojem op enger Héicht vu ronn 370 Meter iwwer dem Mieresspigel, ongeféier 60 Meter méi héich wéi Nojem.

No Süden a Westen hi flaacht de Biergvirspronk an den Dall vun der Fräsbech of. No Osten, a Richtung vum Nojemer Haff gëtt en duerch d'Griecht vun enger klenger Baach déi an d'Fräsbech leeft, genannt Hanzegrond begrenzt. No Norden hi geet en an de Lannener Bierg iwwer.

Den Nojemer Bierg läit am Guttland, d'Grenz zum Éislek verleeft ronn ee Kilometer weider nërdlech[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geologesch Kaart vun der Gemeng Réiden op der Atert. Gekuckt de(n) 14.03.2020.