Nouvelle Vague

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nouvelle vague)

D'Nouvelle Vague ass eng Filmbeweegung, déi de franséische Kino an den 1950er an den 1960er Jore staark beaflosst huet.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

D'Nouvelle Vague ass an den 1950er Joren entstanen. Si ass vu verschidde Kritiker vun de Cahiers du Cinéma a vu Realisateure vu Court-métragën ausgaangen, wéi de Claude Chabrol, de Jacques Doniol-Valcroze, den Éric Rohmer oder de Jacques Rivette.[1] Allerdéngs huet déi Beweegung sech selwer ni formell constituéiert, wouduerch d'Meenungen, wien dozou gehéiert huet, ausenanergoe kënnen. De Begrëff 'Nouvelle Vague' ass 1957 vun der Journalistin Françoise Giroud geprägt ginn.[2]

Déi Haaptrealisateure vun der Nouvelle Vague hu selwer als Kritiker geschafft. Doduerch hu se d'Roll vum Kritiker nei definéiert, andeems se sech och mat Cineaste befaasst hunn, déi bis dohin ni mat vill Respekt betruecht goufen. Dës nei Form vu Kritizismus ass besonnesch dem Henri Langlois an dem André Bazin ze verdanken.[3]

1959 war fir d'Nouvelle Vague e bedeitungsvollt Joer, mat zwee Filmer vum Claude Chabrol (Le Beau Serge an Les Cousins) an enger Auszeechnung um Filmfestival zu Cannes fir dem François Truffaut säi Film Les Quatre Cents Coups an dem Alain Resnais säin Hiroshima mon amour. Dat ass net onbemierkt gebliwwen: vill Produzenten hunn doropshin hir jonk Cinéaste gesicht an am Summer 1959 si vill Filmer gedréint ginn.[4]

D'Verspilltheet, e rebellesche Stil wéi och den Afallsräichtum vun deenen éischten Nouvelle Vague-Filmer weisen op de jonken Alter vun de Realisateuren hin.[5] Se hu misse mat strenge finanziellen Aschränkunge Filmer dréinen, konnten zanter 1960 awer vun der avance sur recettes profitéieren, déi vum deemolege Kulturminister André Malraux agefouert gi war. Dat war e System vu staatleche Prêten, déi op Basis vun engem Skript ausgestallt goufe fir d'Produktioun vum Film z'erméiglechen.[6]

1960 ass dem Jean-Luc Godard säin À bout de souffle erauskomm, dat e richtungsweisende Film fir d'Nouvelle Vague war. De Godard huet mat ville Reegele gebrach, besonnesch vum Raccord.[7]

D'Nouvelle Vague konnt sech allerdéngs net op laang Dauer établéieren an huet an der zweeter Hallschent vun den 1960er u Bedeitung verluer (fir verschiddener huet et schonn 1963 ugefaangen),[8] well déi jonk Realisateuren no hirem zweete Film hiren eegene Wee gaange sinn an en eegene Stil gesicht hunn, a well am selwechte Moment an der ganzer Welt nei Beweegungen entstane sinn.[9], wéi z. B. de brittesche Free Cinema oder den New Hollywood.

Kennzeeche vun der Nouvelle Vague[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi meescht Realisateure war d'Manéier, wéi d'Geschicht am Film erzielt gëtt, méi wichteg, wéi d'Geschicht selwer. De François Truffaut huet vun den Nouvelle Vague-Filmer gesot, datt, well se komplex Geschichten oflehnen, s'éischter no Kuerzfilmer ausgesinn, déi op d'Längt vun engem Spillfilm gestreckt goufen.[10]

D'Nouvelle Vague huet mat den traditionellen erzieleresche Konventioune gebrach a méi stilvoll Technike privilegéiert, wéi z. B. d'jump-cuts (e Schnëtt wouduerch een zäitlech vun engem Punkt zum anere spréngt).[10] Sou jump-cuts kann een zum Beispill am Film À bout de souffle gesinn.

D'Filmer vun der Nouvelle Vague sinn op reelle Plaze gedréint an d'Schauspiller sinn zur Improvisatioun ermontert ginn, wat de Filmer eng Spontanitéit gëtt. Doriwwer eraus hunn d'Realisateure gär modern Elementer mat klasseschen Techniken aus der Stommfilmzäit vermëscht, wat z. B. de Fall mat den Tëschentitelen oder den iris shots (kreesförmeg Aus- oder Ablendunge vum Bild) ass.[10]

D'Cineaste vun der Nouvelle Vague sinn och net dovun ofgeschreckt, hir Zuschauer drun z'erënneren, datt se nëmmen e Film kucken. D'Schauspiller hunn direkt an d'Kamera geschwat oder d'Filmer hu mat enger Noopnam ugefaangen.[11]

An de Filmer vun der Nouvelle Vague kann ee vill Referenzen zu anere Filmer fannen, entweeder andeems Schlësselzeenen den Auteure vu fréiere Filmer Unerkennung zollen oder a Form vu Filmplakater déi sech an den Hannergrond ageschlach hunn.[11] D'Filmer waren dacks och selbstreferenziell (z. B. de Godard deen, am Stil vum Hitchcock, am À bout de souffle selwer optrëtt, oder dem Truffaut säi Film Les 400 Coups, deen e visuelle Bezuch zum Jean Vigo sengem Zéro de conduite enthält).[6]

Iwwerzeegungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Realisateure vun der Nouvelle Vague waren der Meenung, datt déi richteg Cineaste keng Handwierker, mä pur Artiste wieren,[12] an hunn den Autorefilm valoriséiert (politique des auteurs). De Film ass als Form vun artisteschem Ausdrock op de selwechten Niveau wéi de Roman oder den Theater gestallt ginn.[6]

Gläichzäiteg hu se d'Produktiounsmechanismen a Fro gestallt.[13] Si hu sech géint literaresch Adaptatiounen a Studioariichtunge gestallt.[6]

Lëscht vu Realisateuren, déi zu der Nouvelle Vague gezielt ginn (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Claude Chabrol
  • Jacques Demy
  • Jacques Doniol-Valcroze
  • Jean-Luc Godard
  • Alain Resnais
  • Jacques Rivette
  • Éric Rohmer
  • Jacques Rozier
  • François Truffaut
  • Agnès Varda

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. PINEL, Vincent, Ecoles, genres et mouvements au cinéma. Paris 2000, S. 158f.
  2. POWRIE, Phil / READER, Keith, French Cinema. A Student's Guide. London 2002, S. 20.
  3. WIEGAND, Chris, French New Wave. Harpenden 2005, S. 11.
  4. PINEL, Ecoles, genres, mouvements (wéi Umierkung 1), S. 159f.
  5. WIEGAND, French New Wave (wéi Umierkung 3), S. 20.
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 POWRIE / READER, French Cinema (wéi Umierkung 2), S. 21.
  7. PINEL, Ecoles, genres, mouvements (wéi Umierkung 1), S. 160f.
  8. POWRIE / READER, French Cinema (wéi Umierkung 2), S. 27.
  9. PINEL, Ecoles, genres, mouvements (wéi Umierkung 1), S. 160.
  10. 10,0 10,1 10,2 WIEGAND, French New Wave (wéi Umierkung 3), S. 21.
  11. 11,0 11,1 WIEGAND, French New Wave (wéi Umierkung 3), S. 22.
  12. PINEL, Ecoles, genres, mouvements (wéi Umierkung 1), S. 159.
  13. PINEL, Ecoles, genres, mouvements (wéi Umierkung 1), S. 158.