Novalis

Vu Wikipedia
Novalis
Gebuertsnumm Georg Friedrich Philipp von Hardenberg
Gebuer 2. Mee 1772
Gestuerwen 25. Mäerz 1801
Weißenfels
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Dichter, Liddertexter, Philosoph, Ingenieur, Schrëftsteller

Den Novalis, gebuer den 2. Mee 1772 um Schlass Oberwiederstedt a gestuerwen de 25. Mäerz 1801 zu Weißenfels, mam richtegen Numm Georg Philipp Friedrich von Hardenberg, war en däitsche Schrëftsteller vun der Fréiromantik a Philosoph.

Den Novalis war dat zweet vun eelef Kanner. 1794 huet hie säin Droitsstudium, dat en zu Jena, Leipzig a Wittenberg gemaach hat, ofgeschloss. Am Mäerz 1795 huet hie sech mat der zwielefjäreger Sophie von Kühn fiancéiert, ouni datt seng Elteren eppes dovu wossten. No hirem Doud, 1797, goung hien op Freiberg viru studéieren, virun allem Chimie a Physik. 1798 huet hie sech mat der Julie von Charpentier verloobt, ma wéinst senger méintelaanger Kränkt, un där en 1801 gestuerwen ass, koum et net méi zum Bestietnes.

A sengem Wierk fënnt een eng Rëtsch typesch romantesch Theemen, wéi d'Verlaangeren, Melancholie, Verlaangeren nom Doud, ... Och d'Motiv vun der Nuecht spillt eng wichteg Roll a senge Gedichter (Hymnen an die Nacht, 1799-1800). D'Nuecht ass doran de Schlëssel, fir d'Welt se begräifen, well se d'Ae vun der Séil opméich. Déi Blo Blumm déi als éischt am Heinrich von Ofterdingen virkënnt, ass e Motiv, dat besonnesch mam Novalis verbonnen ass, an an där verschidden Elementer zesummekommen: Dram, Poesie, Léift, an de Wonsch no Onendlechkeet. Dem Novalis säi Wierk ass fragmentaresch bliwwen. Eng Partie Texter goufe 1798 zesummen a Glaube und Liebe oder der König und die Königin erausbruecht. 1799 huet hien an Die Christenheit oder Europa seng Visioun vun der europäescher Kultur beschriwwen (am Stil vum Chateaubriand). Si géif am Mëttelalter ufänken an hätt mat der Franséischer Revolutioun en Déifpunkt erreecht, no deem et nees biergop géing.

Vun Hymnen an die Nacht sinn zwou Versioune bekannt: eng ursprénglech, mat fräie Versen, an eng a Form vu rhythmescher Prosa, déi an der Zäitschrëft "Athenäum" vun de Bridder Schlegel erauskoum.

Den Novalis huet och un engem Roman geschafft, Heinrich von Ofterdingen, deen en awer net méi fäerdeg krut.

Den Novalis hat e groussen Afloss op den europäesche Symbolismus.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Lyrik[änneren | Quelltext änneren]

Fragmenter[änneren | Quelltext änneren]

Eepik

Philosophie

Soss[änneren | Quelltext änneren]

  • Europa (entstanen 1799, publizéiert 1826 als Die Christenheit oder Europa
  • Dialoge, 1802;
  • Allgemeines Brouillon (enzyklopedistesch Materialien, 1798/99 zesummegedroen.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Novalis Schriften. Die Werke Friedrich von Hardenbergs. Historisch-kritische Ausgabe (HKA) in vier Bänden, einem Materialienband und einem Ergänzungsband in vier Teilbänden mit dem dichterischen Jugendnachlaß und weiteren neu aufgetauchten Handschriften. Begründet von Paul Kluckhohn und Richard Samuel. Herausgegeben von Richard Samuel in Zusammenarbeit mit Hans-Joachim Mähl und Gerhard Schulz. Kohlhammer, Stuttgart u. a. 1960 ff. Insgesamt 6 Bände: 4 Bände (Bände I–IV) + 1 Ergänzungsband (Band V) + 1 Ergänzungsband in vier Teilbänden (Band VI. u. a.: Der dichterische Jugendnachlaß (1788–1791) und Stammbucheintragungen (1791–1793), hrsg. v. Hans-Joachim Mähl in Zusammenarbeit mit Martina Eicheldinger. Bearbeitung der Stammbücher von Ludwig Rommel; Teilband 2: Kommentar (1999); Schriften und Dokumente aus der Berufstätigkeit Text, Teilband 3 (2006).
  • Gerhard Schulz (Hrsg.): Werke. C.H. Beck, München 2001, ISBN 3-406-47764-X.
  • Hans-Joachim Mähl, Richard Samuel (Hrsg.): Werke, Tagebücher und Briefe Friedrich von Hardenbergs. in 3 Bänden. Carl Hanser, München/Wien.
  • Werke in einem Band. Hrsg. von Hans-Joachim Mähl und Richard Samuel. Kommentiert von Hans-Joachim Simm unter Mitwirkung von Agathe Jais. München/Wien 1981 (Hanser-Bibliothek). Taschenbuchausgabe der 3. Aufl. 1984: München 1995.
  • Das allgemeine Brouillon: Materialien zur Enzyklopädistik 1798/99. Mit einer Einleitung von Hans-Joachim Mähl. Meiner, Hamburg 1993, ISBN 3-7873-1088-6.
  • Fragmente und Studien. Reclam, Ditzingen 1984, ISBN 3-15-008030-4.
  • Gedichte. 6. Auflage. Insel, Frankfurt 1987, ISBN 3-458-32710-X.
  • Gedichte und Prosa. Hrsg. und mit einem Nachwort versehen v. Herbert Uerlings. Artemis & Winkler, Düsseldorf/ Zürich 2001, ISBN 3-538-06897-6. (in verschiedenen Ausgaben, ISBN 3-538-05415-0, ISBN 3-538-05915-2).
  • Joseph Kiermeier-Debre (Hrsg.): Heinrich von Ofterdingen. Berlin 1802. Orig.-Ausgabe. (Bibliothek der Erstausgaben, dtv 2603). Dtv, München 1997, ISBN 3-423-02603-0.
  • Alexander Knopf (Hrsg.): Heinrich von Afterdingen. Textkritische Edition und Interpretation. Stroemfeld, Frankfurt/Main, Basel 2015, ISBN 978-3-86600-246-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Novalis – Biller, Videoen oder Audiodateien