Nuetsdësch

Vu Wikipedia
En Nuetsdësch

En Nuetsdësch ass e klengen Dësch, deen nieft dem Bett steet. Dacks ass do en Tirang oder e Regal dran, fir Saache kënnen ënnerzebréngen, déi een nuets gär bei Hand hätt.

Fréier, wéi d'Toilettë baussent der Wunneng oder baussent dem Haus waren, haten d'Nuetsdëscher dacks e klengen agebaute Schiefchen, an deem d'Pottschamb versuergt gouf.