Pottschamb

Vu Wikipedia
Pottschamb

De Gebrauch vun der Pottschamb oder Potti geet zeréck op fréier Zäiten, wéi d'Toilettë baussent den Haiser waren, an op déi Manéier nuets net gutt z'erreeche waren.

D'Pottschamb gouf normalerweis ënner dem Bett oder am Nuetsdësch versuergt a mueres eidel gemaach. Ier industriell fabrizéiert Pottien aus Glas, Keramik, Blech oder äerde Pottschampen an den Handel koumen, sinn al oder getéitscht Dëppen, déi net méi am Stot gebraucht goufen, benotzt ginn.

Hautdesdaags gëtt d'Pottschamb nach a Spideeler, Alters- oder Fleegeheemer gebraucht. Och bei klenge Kanner, déi nach net eleng op d'Toilette goe kënnen, spillt de Potti haut nach eng Roll.

De lëtzebuergeschen Ausdrock ass eng Verballhornung vum franséische "pot de chambre". A Süddäitschland ass en änlechen Numm bekannt: "Botschamber".

Zu München ass am Zentrum für Außergewöhnliche Museen, an der Westenriederstrooss op 26 no beim Isartor ënner aneren e Pottschambsmusée ze fannen, mat iwwer 2.000 Exponaten aus 2 Joerdausenden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pottschampen – Biller, Videoen oder Audiodateien