Nursultan Nasarbajew

Vu Wikipedia
Nursultan Nasarbajew
Gebuer 6. Juli 1940
Nationalitéit Kasachstan
Aktivitéit Politiker
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Den Nursultan Ábishuly Nazarbaev (cyrl: Нұрсұлтан Әбішұлы Назарбаев/Nursultan Äbischuly Nasarbajew; Russesch: Нурсултан Абишевич Назарбаев/Nursultan Abischewitsch Nasarbajew), gebuer de 6. Juli 1940 zu Tschemolgan, Kasachesch SSR, war vun 1990 bis 2019 der President vu Kasachstan a President vun der Partei Nur Otan. Hien huet d'Verfassung sou ëmännere gelooss, datt en ëmmer nees erëmgewielt konnt ginn.

2010 huet d'Parlament hien zum "Guide vun der Natioun" proklaméiert an him a senger Famill liewenslaang Immunitéit zougesprach.[1]

Trotz alldeem gëtt hie vum Westen ëmgaachelt, well et a Kasachstan grouss Gas- a Pëtrolsreserve gëtt.[2] Dës Ressourcë stinn ënnert der Kontroll vun enger klenger Elite. Oppositioun a politesch Géigner ginn ënnerdréckt, d'Medie ginn zum gréissten Deel vun Nazarbaev senger Duechter Dariga Nazarbaeva kontrolléiert.[3]

Ë. a. géint den Nazarbaev a säin Eedem Timur Qulybaev gëtt zënter 2010 wéinst dem Verdacht op Geldwäsch enquêtéiert.[4]

Op säin Uerder hi gouf d'Haaptstad vu Kasachstan vun Almaty op Astana verluecht.

Den 19. Mäerz 2019 huet hie säi Récktrëtt ugekënnegt, nodeems en den 21. Februar 2019 d'Regierung wéinst schlechten ekonomesche Resultater entlooss hat. Den 20. Mäerz gouf de President vum kasachesche Senat, Qasym-Jomart Toqaev als säin Nofollger vereedegt[5]. Den Toqaev huet direkt d'Haaptstad Astana nom Nazarbaev an Nursultan ëmbenenne gelooss.

Den Nazarbaev ass mat der Sara Nazarbaeva bestuet, si hunn dräi Duechtern.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nursultan Nazarbaev – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kasachische Pirouetten, NZZ Online, 18. Juni 2010.
  2. Nasarbajew, Nursultan. Internationales Biographisches Archiv 39/2010 vum 28. September 2010.
  3. Follath, Erich und Neef, Christian: Die Marke Nasarbajew. In: Der Spiegel, 4. Oktober 2010, Nr. 40, S. 130.
  4. Tanda, Jean Francois: Kasachstan: Vom Ölreichtum des Landes profitiert vor allem der Clan des Präsidenten. In: Handelszeitung, 3. November 2011, S. 2.
  5. Tokajew will Hauptstadt nach Vorgänger benennen. spiegel.de.