Op den Inhalt sprangen

Observatoire Bassano Bresciano

Vu Wikipedia
Observatoire Bassano Bresciano
Typ astronomeschen Observatoire
MPC-Code 565
Instrumenter
Teleskopen 42-cm-Schmidt-Teleskop
25-cm-Spigelteleskop
15-cm-Spigeleteleskop (ofgeschaaft)
Kameraen CCD-Kamera Starlight HX516
Geographesch Situatioun
Land Italien
Koordinaten 45°19'3"N, 10°8'4"O
Héicht 58 m

Den Observatoire Bassano Bresciano (italieenesch: Osservatorio Astronomico Bassano Bresciano) ass en Observatoire an der Géigend vun der Gemeng Bassano Bresciano an der Provënz Brescia an Italien. Den Observatoire läit op enger Héicht vun 58 m a gouf den 29. Abrëll 1989 offiziell ageweit, awer schonn 1983 goufen éischt Miessunge mat engem klenge Spigelteleskop vu 15 cm Duerchmiesser gemaach.

No enger laanger Period vu Fuerschung a Vermoosse vu Planéiten a Koméite läit d'Haaptaufgab vum Observatoire haut an der Photometrie vu Planéiten a Verännerleche Stären.

Den Haaptteleskop vum Observatoire ass e Schmidt-Teleskop mat engem 42-cm-Spigel an enger Brennwäit vun 1000 mm, deen duerch eng fënnef Meter grouss Kuppel geschützt ass. Zanter dem Ufank 1989 gouf en ëmmer nees verbessert a kann haut komplett automatesch schaffen. E gouf un eng CCD-Kamera vum Typ Starlight HX516 ugeschloss.

Portal Astronomie

 Commons: Observatoire Bassano Bresciano – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]